Ouni sproochleche Konsens keng Gemeinschaft !

Mëtt Januar kënnt et an der Chamber zum Show-Down betreffend eis Lëtzebuerger Sprooch. Och wann déi zwou kontradiktoresch Petitiounen noeneen an der Chamber behandelt ginn, bilden si dach thematesch e Ganzt. Ech perséinlech hu KENG vun deenen zwou Petitiounen zum Thema „Lëtzebuerger Sprooch als éischt Amtssprooch - Jo oder Nee” ënnerschriwwen. Fir mech geet dës Fuerderung wäit iwwert dat eigentlech Zil eraus, spriech d’Valorisatioun vun eiser Lëtzebuerger Sprooch.

Allgemeng weess ech awer, datt mir Lëtzebuerger e Malaise mat eiser eegener Identitéit hunn. Dëse schwéier ze gräifenden Zoustand, oder ass et e Gefill (?), schwankt dauernd zwësche grondleeënder Mannerwäertegkeet, well mir esou kleng sinn, an totaler Iwwerhieflechkeet, well mir materiell esou räich sinn.

Esou laang mir eis net zesummen eens sinn, wat et dann elo heescht Lëtzebuerger ze sinn, ass a bleift eis Sprooch dee gréissten identitéitsstëftende Faktor. Dat sollte mer all zesummen net vergiessen, wa mer iwwert eis selwer diskutéieren.
Bei der Diskussioun iwwert eis selwer hunn ech awer d’Gefill, datt mer aktuell net mateneen, mee iwwertenee schwätzen. Déi eng fillen sech wuel an engem multikulturellen Ëmfeld, wat Lëtzebuerg och sécherlech ass. Si fille sech weltoppen, switche vun enger Sprooch an déi aner, a sinn och deels an anere groussen europäischen Haaptstied doheem. Lëtzebuergesch ass hei en nice to have, awer et geet eigentlech och ouni.

Déi aner sinn éischter seelen an der Stad, a wann, da mierken se, datt am ëffentleche Raum vun der Haaptstad nach déi mannst Leit Lëtzebuergesch schwätzen. Op hirem Duerf, well näischt anescht sinn déi allermeescht Uertschaften hei am Land, fillen si sech wuel an hirem Ëmfeld, spieren awer och hei, datt lues awer sécher eppes verluer geet.

Wann ech a mengem eegene Land net méi verstane ginn, dann ass eng faul. Dëst Gefill, dëse Fait, sollte mer eescht huelen.

Ech selwer ka gutt franséisch. Trotzdem nervt et mech, datt wann 10 Leit am Raum sinn an nëmmen een dee franséisch schwätzt, alleguer, wéi vu magescher Hand gesteiert, op ee Mol franséisch schwätzen. Dierf ech woen ze behaapten, datt dëst bal nëmmen op eis franséisch-sproocheg Matbierger zoutrëfft ? Den Däitsche soll kucken, datt en eens gëtt. Den Englänner verweise mer op eis dräi Landessproochen, a vum portugisesche Matbierger schwätze mer léiwer net.

Dobäi sollt dach e Konsens méiglech sinn. Firwat maache mer et net zur Obligatioun oder op mannst zur politescher Richtlinn, datt hei am Land jiddereen deen aneren, innerhalb vun deenen dräi scho gesetzlech definéierte Landessproochen (Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch) verstoe misst. De franséisch-sproochege Matbierger ka roueg weider franséisch schwätzen, soll oder misst an dësem Fall awer verstoen, wann en Däitschen oder e Lëtzebuerger eppes a senger Mammesprooch seet. Vice-versa gëllt dëst natierlech och, mee dat ass souwisou schonns meescht de Fall.

Nom 80-20 Resultat vum leschte Referendum wäerte mer et alleguer net méi esou schnell erliewen, datt sech d’Politik un dësem waarmen Eisen d’Fangere verbrennt. Dëst ass net gutt, well de Sickerbrand vum ugeschwatene Malaise iergendwann eng Kéier e Flächebrand ka ginn, woubäi eis dann extrem Positioune riskéieren auserneen ze dreiwen. D’Zäite sti gutt heifir, kuckt emol an d’Ausland.

Dofir kommt, mir fänken emol einfach un : Jiddereen schwätzt wéi em de Mond gewuess ass, mee muss deen aneren op mannst verstoen, wann en sech op däitsch, franséisch an op lëtzebuergesch ausdréckt. Souvill Konsens misst sinn, vun der einfacher Vendeuse bis hin zum gutt bezueltenen Dokter.

Marco Thomé
FGFC-Generalsekretär