FGFC Logo

News

Voir toutes les news Notice légale

Reforméierte Statut a Gehälterreglement säit haut 1. September a Kraaft

Wéi geet et elo weider?

Ausser dem Circulaire ministériel n° 3505 vum 10. August 2017 an deem net vill Informatiounen zur praktescher Ëmsetzung vu Statut a Gehälterreglement drastinn, besteet eisen Informatiounen no nach vill Klärungsbedarf bei eise Leit um Terrain.

Mir als FGFC gesinn eist Patronat, den Inneministère an de SYVICOL,  an der Obligatioun hei d‘Urgence fir Kloerheet ze suergen.

Fir eise Leit e Minimum un Informatioun matzeginn, hu mir als FGFC en Texte coordonné vum Statut ausgeschafft an Iech an Annexe déi aktuell Publikatiounen zur Reform zesummegestallt.

Betreffend déi nei Bestëmmungen a Punkto “Allocation de Famille” ass eis opgefall, dass hei gläich nach e ganze Pak Onkloerheete bestinn. Dofir gi mir de Rot, keng Demarchë fir en eventuellen, eemolege Wiessel ze maache bis déi Ongereimtheete gekläert sinn. Mir hunn eis dësem Dossier ugeholl a wäerten Iech um séierste Wee detailléiert Informatiounen an enger separater Newsletter noreechen.

Wéi schonns ugekënnegt, schaffe mir mat Héichdrock un engem neien FGFC-Internetsite mam Schwéierpunkt « Reformen ». Op deem neie Site, deen am Oktober 2017 soll online goen, wäerten all déi nei legislativ Texter op eng méi verständlech Aart a Weis erkläert ginn. Déi publizéiert Texter, betreffend Statut a Gehälter vun de Fonctionnairen an den Employés Communauxen, op eisem aktuelle Site sinn elo NET méi aktuell. Halt Iech hei w.e.gl. bis op Weideres un d‘Texter déi mir en Annexe verlinkt hunn.

Als FGFC wësse mir iwwert d’ Onzefriddenheet an deels d’ Hëlleflosegkeet um Terrain. Mir erwaarden eis an den nächste Wochen a Méint e massiven Ustuerm u konkreten an/oder individuellen Ufroen a Relatioun mat de Reformen. Dofir hu mir eng extra E-mail-Adresse ageriicht, wou Dir eis Är Froen, Erfahrungen oder Remarquë kënnt matdeelen:

Hotline Reform: reformen2017@fgfc.lu

Mir hu sécherlech net direkt op all Fro eng Äntwert, mee mir ginn Iech déi beschtméiglech Ënnerstëtzung.

Matgedeelt vun der FGFC-Exekutiv
1. September 2017

 

Publikatiounen zu folgenden Texter betreffend Reform:

Loi du 28 juillet 2017 portant modification 1. de la loi modifiée du 24 décembre 1985 fixant le statut général des fonctionnaires communaux, 2. de la loi du 24 décembre 1985 réglementant le droit de grève dans les services du secteur communal, 3. de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 et 4. de la loi modifiée du 15 juin 1999 portant organisation de l’Institut national d’administration publique. (Mémorial A679/2017)

hh
hh