Walen fir d’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics 2020
President vun der FGFC - 58 Joer
Zur Persoun
Nodeems de Marco Responsabel vum Umeldebüro an duerno laang Joere vum Personalbüro op der Kayler Gemeng wor, huet hien 2007 de Poste vum Generalsekretär vun der FGFC iwwerholl. Während iwwer 25 Joer huet hien den Alldag, d’Erausfuerderungen an d’Problemer an de Gemenge kennegeléiert. A senger Funktioun als President, gëtt hie säi Bescht fir all dëst Wësse fir d‘Weiderentwécklung vum Gemengesecteur anzesetzen. Dëst zum Wuel vun de Mënschen déi an eisem Sektor schaffen.
