Walen
Par Rapport zum Joer 2015, konnt d‘FGFC méi ewéi 1,0 % u Stëmmen zouleeën, an huet mat 77,37 % d‘Wale fir d’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics am Gemengesecteur haushéich gewonnen. Dëst Resultat war nëmme méiglech duerch déi massiv landeswäit Zoustëmmung vum Gemengepersonal, dat ënner denkbar “Covid19”-ongënschtege Bedingungen der FGFC hiert Vertrauen ausgesprach huet.
D‘FGFC behält soumat 4 vu 5 Sëtz an der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics. Weider bleift et bei 6 vu 7 Sëtz an der Commission Centrale.
Mir soen all eise Kandidatinnen a Kandidaten Merci fir hiert Engagement.
Un eis Wieler ergeet e grousse Merci fir d‘Vertrauen dat si an eis setzen. Déi kommend Zäiten annoncéieren sech net einfach.
Zesumme mat eisem Kooperatiounspartner der CGFP, wäerte mir eisen Undeel u nationaler Solidaritéit ze droë wëssen ouni eis gemeinsam Intérêten aus den Aën ze verléieren.
Fir d‘FGFC sinn an d‘Chambre Professionnelle gewielt:
Membres effectifs:
Membres suppléants:
Méi detailléiert Zuelen zu Walen am Gemengesecteur fannt der hei:
Resultater vun de Walen fir d’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics 2020
D ‘Resultater vun der ganzer Fonction Publique fannt der hei:
Elections pour le renouvellement de la Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics - mars 2020
