rizo

Grouss Solidaritéitsaktioun am Gemengesecteur - Rett e Liewen !


Mir sinn am Moment Zeien vun enger grousser Solidaritéitsaktioun am Gemengesecteur, an zéie virun dësem groussen Acte vu Mënschlechkeet eisen Hutt.

De Rizo, 35 Joer al a Papp vun zwee Kanner, krut am Dezember d’Diagnose, datt hien eng akut Leukämie huet. Aktuell ass hien mat sénger Chimiotherapie am Gaangen a brauch am Uschloss dorun eng Stammzellentransplantatioun.

Fir d’Probabilitéit ze vergréisseren, e passende Spender ze fannen, organiséiert d’Schëfflenger Gemeng den 8. Februar 2020 eng grouss Registréierungsaktioun.

D’Konditioune fir Stammzellespender ze ginn, si Folgend :

  • prinzipiell tëschent 18 a 40 Joer al sinn *
  • gesond sinn an iwwer 50 Kilo hunn
  • fir Fraen, maximal 2 Schwangerschafte gehat hunn
  • eng Bluttanalyse maachen

* Bedingt doduerch, dass no 40 Joer d’Probabilitéit, mat engem Patient kompatibel ze sinn, just nach ënner 2% läit, fällt eng Contributioun vu 50,-€ un, wann ee sech mat iwwer 40 Joer nach enregistréiere wëll loossen.

Vu dass dëss Aktioun net nëmmen dem Rizo hëllefe kann, mee jidderengem deen a sou engem Fall op e passende Stammzellespender ugewisen ass, ënnerstëtze mir als FGFC dës Aktioun mat vollem Häerz, an invitéieren jiddereen matzemaachen.

Weider Informatiounen zum Thema fannt Dir hei :

www.schifflange.lu/ar-solidariteit-ass-gefroot-helleft-mat-ze-hellefen/

www.rtl.lu/news/national/a/1461661.html

www.dondemoelle.lu

www.stefan-morsch-stiftung.com

www.plooschterprojet.com