nager2017

FGFC-ALIN: oppene Bréif u Politik a Gesellschaft Mir gi vu Regierung a Chamber am Stach gelooss!


Thema Schoul-Schwammen – rezenten Accord FLNS mat der Regierung

 

Nodeems:

  • 2009 bei der Schoulreform d’Schwamm-Meeschteren carrément vergiess gi sinn
  • Mir als FGFC-ALIN eng opwenneg Publicitéits-Campagne "nager.lu" lancéiert hunn, mam Zil d ‘Qualitéit vum Schoul-Schwammen ze halen
  • Eng Petitioun mat iwwer 7.000 Ënnerschrëften zu engem Débat public an der Chamber gefouert huet
  • D ‘Gespréicher souwuel vun der Chamber wéi och mat der Regierung zu guer kengem Resultat gefouert hunn
  • Rezent um FLNS Kongress hier Zesummenaarbecht mat der Regierung ënnermauert an ausgebaut ginn ass:

Hei dann elo en oppene Bréif u Politik a Gesellschaft vum Jupp Grüneisen, President vun der FGFC-ALIN.

FGFC-ALIN: oppene Bréif u Politik a Gesellschaft
Hien schwätzt Tacheles, wéi eise “Lërtzbuerger Modell” och nach funktionéiert.

Matgedeelt vun der FGFC-Exekutiv
14. November 2017