stemm

Spendenopruff: en neien Uewe fir de Restaurant social zu Hollerech


Spendenopruff: en neien Uewe fir de Restaurant social zu Hollerech

FGFC ënnerstëtzt de Projet vun der "Stëmm vun der Strooss"

Et kommen ëmmer méi Leit an de Restaurant social op Hollerech iessen. Dat lescht Joer hu se 65 Prozent méi Moolzechte preparéiert wéi nach 2015.

Fir d'Joer 2017 waren dat ronn 75.690 waarm Moolzechten, wat am Dag iwwer 200 Moolzechten ausmécht.
Vill Leit mussen dohinner iessen goen, well si nëmme schwéier iwwert d’Ronne kommen.

D’Kichenequipe huet awer Problemer, fir all déi Leit ze servéieren. Nieft der Contrainte vun enger klenger Kichen, feelt et hinnen och un der richteger Technik, fir uerdentlech a séier ze schaffen.

De Kaaf vun engem neien Uewen ass deemno immens wichteg fir der Kichenequipe d'Méiglechkeet ze ginn, der Nofro weiderhin sou gudd wéi méiglech entgéint ze kommen!
D'Ziil ass et 30.000 € zesummen ze kréien.

Dir kënnt ganz einfach en Don maachen, iwwer folgend Méiglecheeten:

Stëmm vun der Strooss
7 Rue de la Fonderie L-1531 Luxembourg
Vermierk: Neien Uewen
BCEELULL LU63 0019 2100 0888 3000

 

Mir als FGFC bedeelegen eis mat engem Don vu 500.- Euro.

Hëlleft och Dir der "Stëmm vun Strooss" an hëlleft an engems eisen mannerbemëttelten Mattbierger!

Matgedeeelt vun der FGFC-Exekutive
23. Maërz 2018