transport

Gratis ëffentlechen Transport: Sënn an Zweck ?


Mir als FGFC vertrieden de Standpunkt, dass eng Ëmstrukturatioun vum ëffentlechen Transport, nëmme mat engem klore Gesamtkonzept, an net op dem Bockel vum Personal an dem Steierzueler, ëmgesat ka ginn.

Elleng den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, mécht dësen net méi attraktiv. Schonns elo hu mir iwwerfëllten Zich a Bussen, woubäi den Zuch mat chronescher Verspéidung rullt an de Bus mam Auto zesummen am Stau stécht. Ganz dovunner ofgesinn, dass trotz Neistrukturéierung vun de Linnen, deelweis keng anstänneg Verbindungen ze kréie sinn oder ee méi laang brauch wéi mam eegenen Auto.

Am Kontext vum Finanzement huet RTL a sengem rezente Reportage ausgerechent, dass een mat engem Joresabo fir 1,20 Euro den Dag mam ëffentlechen Transport fuere kann, de Student gratis fiert an de Pensionéierte Vergënschtegungen huet. Doriwwer eraus iwwerhuele vill Betriber d’Käschten ganz oder bedeelegen sech drun (m-pass). Jidderee kann sech elo seng eege Meenung maachen, ob dat net scho bal gratis ass an op wierklech ab 2020 vill méi Leit op den ëffentlechen Transport ëmklamme wäerten.

Eiser zoustänneger Associatioun « FGFC-Transport » feelt et bis elo op alle Fall un engem kloere Gesamtkonzept an allgemeng gëtt de Sozialdialog mat de Gewerkschaften vermësst. Prinzipiell vertriede mir de Standpunkt, dass e Service „just gratis“ ze maachen, déi aktuell Problemer net léist:

  • ënnerschiddlech Astellungsprozeduren a verschiddene Statuten;
  • chronesche Personalmangel mat der Konsequenz vun extremen Iwwerstonnen;
  • steigende Vandalismus;
  • allgemeng Sécherheetsfroen am Bezuch op d’Fuergäscht an d’Personal.

Eis Leit um Terrain sinn zu Recht veronséchert wat hir Aarbechtsplaz an hir zukünfteg Missioune betrëfft. Mat deem aktuelle Projet gi schliesslech verschidde Beruffer a Fro gestallt.

Mir ginn der Impressioun net lass, dass, ënnert dem Deckmäntelche vun dësem gratis Service, al Iddien aus dem Tirang geholl kéinte ginn, fir en eenheetlecht Transportwiesen ze schafen, dat spéider « privatiséiert » géif ginn?!

Mir als FGFC, wäerten dësen Dossier jiddefalls genee am A behalen an d‘Personal vum Transport net am Ree stoe loossen.