ASAM_1

FGFC-ASAM: Diskussioun iwwert eenheetlech Uniformen am ganze Land


Wéi geet et weider mat de Kompetenzerweiderunge vun den agents municipaux (AM)? Mir si gespaant wéi sech déi nei Inneministesch Bofferding heizou stellt. Een Aspekt vun dem ganzen ass eng national eenheetlech Uniform fir sämtlech AM. Op Invitatioun vun der FGFC/ASAM hin, hunn sech Gemengevertrieder mam betraffene Personal getraff, fir eng gemeinsam Positioun auszeschaffen.

De fréieren Inneminister Kersch hat sech ganz staark fir d’Kompetenzwerweiderung vun den AM agesat. Och d‘Stater Buergermeeschtesch Polfer a vill aner Lokalpolitiker hunn d’Necessitéit ëmmer erëm ënnerstrach. Als FGFC /ASAM hu mir schonns eng Entrevue mat der neier Inneministesch gefrot, fir gewuer ze gi wéi si déi Saach gesäit. Affaire à suivre deemno….

Een Aspekt deen an dësem Kader diskutéiert gouf, wor eng eenheetlech Uniform fir sämtlech AM queesch duerch d’Land. Hei wor d’Positioun vum Intérieur déi, datt si sech net kompetent fille fir dës Fro ze tranchéieren. Dëst géif ënnert d‘Autonomie communale falen. Näischt géif awer verhënneren, hei ze kucke fir zesumme mat de Gemengen e Konsens ze fannen.

An dësem Kontext huet elo rezent d’FGFC/ASAM sämtlech concernéiert Gemengen op eng Informatiounsversammlung invitéiert fir ze kucken op e Konsens méiglech ass.

Hei kuerz e puer Informatiounen:

D‘FGFC/ASAM huet 33 Gemenge wou AM sinn invitéiert. 26 Gemengen hunn offiziell reagéiert.

190 AM sinn an 30 Gemenge verdeelt. 3 Gemenge stellen 2019 AM an.
Vun deenen 190 AM hunn 61 Beamten/innen och Kompetenze vum Garde-champêtre

Folgend Virdeeler vun enger gemeinsamer Uniforme goufen diskutéiert:

  • all Bierger am Land egal a wat fir enger Gemeng, erkennt den AM als solches am Espace public
  • d 'Uniforme misst sech vun aneren uniforméierte Verwaltungen ënnerscheeden, haaptsachlech vun der Police
  • all Gemeng soll hire Wopen/Logo notzen
  • Attraktiv kollektiv Präisser fir d’Gemenge bei engem Fournisseur
  • domadder wieren dann och Uniformen, ëmmer disponibel
  • eng besser Qualitéit

 Et ass en Aarbechtsgrupp kreéiert gi fir den Dossier weider auszeschaffen.