No engem traumateschen Evenement op der Aarbecht, wéi zum Beispill engem plëtzlechen Doud, engem Selbstmord, engem Akzident oder engem Gewaltakt, proposéiert de Service psychosocial vun der Fonction Publique eng individuell an/oder eng kollektiv Hëllef fir dem Impakt op d’psychesch Gesondheet vun de concernéierte Kolleginnen a Kollegen entgéint ze wierken. Hei geet ëm d’Uschwätze vun der konkreter Situatioun an ëm d’Weiderleedung vun Informatioune betreffend eng perséinlech Hëllef, wann néideg.
Doriwwer eraus, wann eng Kollegin oder e Kolleg Unzeechen dovunner weist, datt hatt (hien) op der Arbecht ënnert dem Afloss vu psychoaktive Substanze steet an sech och donieft behëlt, offréiert de Service psychsocial eng Ënnerstëtzung vun de Concertéieren (vun de Kollege selwer awer och vu sengem Chef).
Méi Informatioune betreffend déi konkret Prozedur, fannt der am Download vun den Dokumenter hei op eisem Site.
1-Sensibilisation-substances-psychoactives-au-lieu-de-travail
2-Procedure-intervention-crise-aigue-substances-psychoactives
3-Procedure-reprise-de-travail-apres-intervention-en-crise
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
