D’Fonction publique huet rezent d’Initiative ergraff, hire Mataarbechter, déi méi wéi 50 Joer hunn, et ze erméiglechen sech eemoleg gratis engem kompletten medizineschen Check-up ze ënnerzéien.
D‘Zil vun dëser Mesure ass et, fréizäiteg eventuell Erkrankungen ze erkennen an esou behandelen ze kënnen. Bei dësen Tester, déi op fräiwëlleger Basis duerchgefouert ginn, gëtt den Haaptaspekt op Häerz-Kreeslaf- an Nierenerkrankungen geluecht, woubäi allerdings och aner Krankheeten erkannt kënne ginn.
Dës Tester fannen am „GesondheetsZentrum“ statt, engem spezialiséierten Service vun den „Hôpitaux Robert Schuman“, a ginn all innerhalb vun engem halwen Dag duerchgefouert, fir deen d’Mataarbechter vun hirer Verwaltung fräigestallt ginn.
Nodeems d’Fonction publique mat dëser Initiative erkannt huet, dass d’Wuelbefannen an eng gutt kierperlech Verfassung vun hire Mataarbechteren en elementaren Deel ass, fir en effizienten Dingscht um Bierger ze leeschten, fuerdere mir déi jeeweileg Responsabel bei de Gemengen an hire Syndikater op, d’Zeeche vu der Zäit och ze erkennen a sech dëser Initiative unzeschléissen andeems si eng entspriechend Konventioun mam „GesondheetsZentrum“ ofschléissen.
Weider Informatiounen zu dësem „Check-up“:
https://www.gesondheetszentrum.lu/fr/bilan-sante
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
