Aktuell gëtt de Projet de loi 7606 (Pandemie-Gesetz) a Relatioun mat de Mesuren betreffend den Covid19 nom “Etat de crise” (23. 06.2020) an der Chamber diskutéiert.
Folgend Amendementer sinn haut an der Commission de la Santé et des Sports déposéiert ginn:
Article 4:
“Sans préjudice des dispositions de l’article 3, paragraphe 2, le port d’un masque est obligatoire en toutes circonstances dans les transports publics, sauf pour le conducteur tant qu’il est assis, et pour les activités qui accueillent un public.”
Am Kloertext heescht dat, datt mat Akraafttrieden vum Gesetz, eis Kolleginnen a Kollege Buschauffeuren de Mask NET méi undoe mussen, wuel wëssend, dass si méi wéi 2 Meter vum éischte Passagéier ewech setzen a keen direkte Kontakt mam dësem hunn.
Zulescht koum et zu ëmmer méi gesondheetleche Reklamatioune säitens de Kolleginnen a Kollegen Buschaufferen a Relatioun mam Port vun de Masken. Als FGFC hate mir op den zoustännege Stellen intervenéiert a mir begréissen et, datt dëst elo geännert gëtt, zum Wuel vum Chauffer deen d’Responsabilitéit fir d’Sécherheet vun all Passagéier dréit.
Affaire à suivre deemno …
Matgedeelt vun
FGFC-AGENTS TRANSPORTS
Info-Link (Säit 4): Amendements adoptés par la/les commission(s) : Commission de la Santé et des Sports - Document 7606/01
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
