Paulette Lenert

Ufank Juli am neien FGFC Mag


Interview mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert iwwert d'Covid 19 Kris an iwwert hire Start an d'Regierung ënnert aussergewéinleche Konditiounen : "Ech zielen op jidderengem seng perséinlech Responsabilitéit!"

 

Liest hei schon e puer Extraiten.

Wéi hutt der Iech perséinlech gefillt, wéi iech Ufank-Mäerz ënnerlech bewosst ginn ass, wat am Kontext vu Covid19 op eis alleguer duerkomme géif ? Wéi sidd Dir perséinlech mat der Situatioun eens ginn. Wéi eleng spiet ee sech do ? 

Am Ufank war et schonns e Gefill vu eleng sinn, zemools well ech schnell eng Vue générale vun der Saach hat, datt de Covid19 net laanscht Europa zitt. E groussen Deel vun de Leit, huet dat Ganzt nach zu dem Moment an d ‘Lächerlecht gezunn. 
Ganz séier wor mir kloer, datt ech Leit ëm mech bräicht, fir dës enorm Erausfuerderung unzegoen. Ab deem Moment hunn ech ëmmer méi Leit fonnt, déi mat engem exzeptionelle professionellen an awer och perséinlechem Dévouement déi ganz Saach ugepaakt hunn. 
Ugefaangen iwwert den Haut Commissariat de la Protection Nationale, wou eng Cellule sech schonns zënter Dezember mat Covid19 beschäftegt huet, huet mir mäi perséinleche Reseau innerhalb vun de veschiddene Verwaltungen, richteg an d ‘Kaarte gespillt. Dir wësst, ech war eng Zäit als Conseillère de Gouvernement am Ministère de la Fonction Publique. Innerhalb dëser Funktioun hunn ech schonns e ganze Pack vun Entscheedungsträger beim Staat kannt. 
Ech wousst also ab engem bestëmmte Moment wat fir eng Profiller ech fir wat fir eng Defie gebraucht hunn a virun allem, wou ech se ze sichen hunn. Ab deem Moment hunn ech mech dann immens opgehuewe gefillt, well vill vu menge fréiere Kolleegen sech direkt ugebueden hunn, mech ze ënnerstëtzen. 

 

Konspiratiouns-Theorië sinn en Vogue, virun allem op de sozialen Netzwierker. Verstitt Dir déi Leit déi Angscht dofir hunn, datt de Mënsch digital oder/a medezinesch kontrolléiert soll ginn ? 

Rationell verstinn ech dat ganz gutt, well et ass eng Situatioun mat villen Ongewëssheeten. Vill Mënschen hunn de Besoin hiert Liewen ze kontrolléieren. Wann dat net méi assuréiert ass, sicht een no Erklärunge déi engem den Ëmgang mat der Situatioun erliichteren. 
Haut mat de sozialen Netzwierker fënnt natierlech jiddereen, wann ee googelt, eng Erklärung déi him aliicht. Wat a Lockdown och méi laang dauert, wat dat ëmmer méi zouhëlt. Et ass e Phänomen deen ech e bësse vu mir ewech halen. Als Regierung ass een hei gefuerdert, mat gudder Kommunikatioun an enger gudder Krisen-Gestioun dogéint ze halen. 
Trotz allem hunn ech d ‘Gefill, datt déi Konspiratiouns-Theorien hei zu Lëtzebuerg manner Unhänger fannen, wéi an eisen Nopeschlänner. Dat kennt vläicht dohier, datt an der Reegel de wirtschaftlechen Impakt vun der Kriss heiheem, fir eng ganz Rei Leit oft net esou staark ze spieren ass wéi am Ausland. 


Wat huet Covid19 Iech perséinlech geléiert?

Ma datt d’ Krise-Kommunikatioun e Metier fir sech ass. Eis huet et tatsächlech ganz einfach un Zäit gefeelt, fir un der Kommunikatioun ze schaffen. Mir ware virun allem mat der Gestioun beschäftegt an d’ Kommunikatioun houng ëmmer e bëssen hannen dran.
Dobäi kennt, datt wat elo richteg ass, an e puer Stonnen net méi Konsens ass. Iwwerdeems ass dat Ganzt héisch-gradeg politesch. Ech hu geléiert, no Prioritéiten ze schaffen, a wéi wäertvoll et ass, op eng gutt Zesummenaarbecht zielen ze kënnen.

De kompletten Interview fannt Daer an eisem 'Mag.