Wéi am leschten « opgepasst » ugekënnegt, hu sech d’Memberen vum FGFC-GoTeam* zesummegesat fir an engem rezente Workshop am Creative Hub 1535° zu Déifferdeng, déi vereenzelt Kärpunkte vun den geplangtene Reformen vun der FGFC ze verdéiwen.
D’FGFC-GoTeam ass weider am gaang déi nei zukënfteg Strukturen, zesumme mat kohärente Statuten, auszeschaffen.
An nächster Zukunft wäerte mäer eis mat deene verschiddene Berufsgruppen un en Dësch setzen, fir hinnen déi ugeduechten Strukturen am Detail ze erklären, a selbstverständlech hire Feedback ze integréieren.
Eist FGFC-GoTeam huet ugefaang sech déi verschidden Déngschtleeschtungen, déi d’FGFC an hir Partner ubidd, op de Leescht ze huelen.
Doriwwer eraus läit eis besonnesch déi digital Vernetzung um Häerz. Dowéinst schaffe maer un engem Konzept, dat eis an Zukunft eng besser Kommunikatioun mat an tëschent eise Memberen, souwéi eisen Delegatiounen soll erméiglechen. Dës plattform-iwwergräifend Strategie soll, nieft eisem neien Internet-Site, an Zukunft och en neien interne Gestiounsprogramm beinhalten.
Hei si maer ënnert anerem dobäi, eist Konzept « Communes-pilotes » weider ze konkretiséieren.
Doriwwer eraus ass et eis wichteg eis bestehend Delegatiounen um Terrain weider ze stäerken an dofir ze suergen dass – do wou et nach keng gëtt – sech och eng Delegatioun soll bilden. Aus deem Grond fänke maer elo och schonn un eisen nächsten Delegatiounsdag ze plangen.
Iwwert de weidere Verlaf hale maer Iech regelméisseg informéiert.
D’Membere vum FGFC-GoTeam
3. Mee 2018
*FGFC-GoTeam = oppene Grupp vun engagéierten FGFC Memberen déi un der Zukunft vun der FGFC schaffen
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
