Matt engem laachenden an awer och engem kräischenden Aa huet de Marco Thomé, FGFC President, leschte Mëttwoch Owend um Siège vun der CGFP, un der Constituante vun der neier Gewerkschaft vun de Beruffspompjeeën SNPPL deelgeholl.
Laachend, well et zesumme gelongen ass a kierzester Zäit innerhalb vun der CGFP eng nei Memberorganisatioun op d’Been ze stëllen, déi sech zukünfteg ëm d’Interêten vun de ronn 500 Leit innerhalb vum CGDIS beim Staat këmmert. Der Féierung an dem Personal vun der CGFP heifir a grousse Merci.
Kräischend, well mir als FGFC duerch dës Créatioun Memberen verléieren déi eis un d’Häerz gewuess sinn. Zesumme hu mir an de leschte Joren e Méint fir den Erhalt vun den Acquisen vun der Beruffspompjeeën bei der Stad Lëtzebuerg gekämpft. Mir hunn zesumme vill erreecht. E besonnesche Merci un den Inneminister Dan Kersch an un d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Mir si sécher, datt eis Kolleginnen a Kollegen elo bei eisem Kollaboratiounspartner a gudden Hänn sinn, fir déi sécherlech grouss Erausfuerderungen beim Opbau vum CGDIS unzegoen. Dem CGDIS wënsche mir “plein Succès” bei hirer wichteger Aarbecht fir Land a Leit.
D ‘Welt ännert sech konstant a mir entwéckelen eis mat....
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
