Um rezente Comité directeur Enn November 2018 goufen eis Vertrieder aus de jeeweilege lokalen a professionellen Associatiounen, grad wéi eis Personaldelegéiert, iwwert den aktuelle Stand vum internen FGFC - Reformprozess informéiert.
Méi no bei eise Leit
Hei gouf, nieft enger Analyse vun de verschiddenen Déngschtleeschtungen, och festgehale fir eis bestoend Delegatioune weider ze stäerken an nees méi Präsenz bei hinnen um Terrain ze weisen.
Dowéinst si Vertrieder aus dem GoTeam aktuell dobäi Kontakt mat eisen Delegatiounen opzehuelen. D‘Zil ass hei sech konkret iwwert d’Problemer an d’Suergen um Terrain auszetauschen.
Desweideren erweist sech ëmmer méi, dass d’Gestioun vun eise professionellen a lokalen Associatioune schwiereg ass.
Dëst ass ee ganz wichtege Grond, datt mer eis nei Fundamenter musse ginn, andeems mer aus där aler Struktur vun enger Daachorganisatioun ausbriechen. D‘Zil ass elo eis a Richtung vun enger individueller a berufsspezifescher Berodungstell hin ze entwéckelen.
Déi berufflech Kompetenzen a gewerkschaftlech Aktioune ginn innerhalb vun engem neien digitalen Netzwierk erméiglecht. Och bleift de Service fir déi nach aktiv Ënnerorganisatiounen onverännert.
Neie Bureau exécutif élargi
Wéi an der Déclaration d’intention zu de geplangte Reforme virgesinn, huet den ExekutivBüro sech e Bureau élargi zur Säit gestallt, deem seng Memberen op dësem Comité directeur eestëmmeg ugeholl goufen.
Bureau exécutif :
Marco Thomé, President
JeanPaul Kertz, VizePresident
Alain Spies, Tresorier
André Gonner, Member
JeanMarie Michels, Member
Memberen vum neie Bureau exécutif élargi :
Laurent Betti,
Steve Hatto,
Dirk Kirschten,
Claude Reuter,
Giorgio Ricciardelli,
Christian Weis,
Fänky Wohl.
Zesummen hu mer eis bis 2020 Zäit gi fir eis intern FGFC Reformen ëmzesetzen. Och wann et ëmmer méi konkret gëtt, si mer nach net esouwäit dat Ganzt no baussen ze promouvéieren.
Affaire à suivre… deemno.
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
