Als Vertrieder vun den Agents Municipaux zu Lëtzebuerg, huet den ASAM dëst Joer gespaant 3 parlamentaresch Froe verfollegt, déi em den Avertissement Taxé dréien.
Et ass un der Zäit Kloertext ze schwëtzen.
14 Milliounen € duerch d’Päif, all 5. Avertissement Taxé gëtt net bezuelt!
Dat weist op eng enorm Inefficacitéit an eisem System hin oder wéi erkläert ee sech soss, dass de Staat dat Geld an de leschte 7 Joer net konnt andreiwen?
2018 alleng woren et:
1.835.515 € oder 16,7 € pro Auto beim Non Résident
2.641.351€ oder 6,3 € pro Auto beim Résident
Den ASAM hat scho virun 2 Joer dem deemolegen Inneminister Dan KERSCH proposéiert d’Amende forfaitaire op sämtlech Avertissements Taxés ze applizéieren.
Dës Verdueblung vun der Geldstrof, wann een net banne 45 Deeg bezilt, gëtt et entretemps schonn am Zesummenhang mat de Vitesse-Radare.
Den ASAM ass der Meenung dass d’Bezuelmoral och géif eropgoen, wann den Agent Municipal d’Méiglechkeet hätt, bei exzessivem Abus vum System - genau wéi d’Kollegen vun der Police oder der Douane a verschiddene Fäll -
den Auto immobiliséieren oder wann néideg och ofschleefe loossen ze kënnen.
Natierlech wier dat och an anere vum Gesetz virgesinnene Situatioune sënnvoll, wéi z.B. zou geparkte Behënnerte-Plazen oder Afaarten.
Zu dësen an aneren Themen sicht d’ASAM schonn zanter engem Joer d’Gespréich mat der Inneministesch Taina BOFFERDING a mir hoffen am Dezember ee konstruktiven Dialog ze
lancéieren.
Matgedeelt um 15. November 2019
Comité FGFC-ASAM
Info Questions parlementaires: N°398 vum 21.02.2019, N°614 vum 08.04.2019 an N°1266 vum 30.09.2019
FGFC / ALIN : nager.lu
Allgemein zufrieden und zuversichtlich zeigen sich die Vertreter der FGFC, zusammen mit dem Schwimmlehrerverband ALIN, über den Ablauf der...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
Mateneen fir eng mondern Gemeng
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
