CovidCheck_FAQ

CovidCheck-Gesetz - Matt gesondem Mënscheverstand ? Gare aux abus !


Schwäzt ee matt Regierungsmemberen kritt een aktuell de Feedback, dat neit „CovidCheck“-Gesetz sollt matt „gesondem Mënschverstand“ ëmgesat ginn. Vill vun eise Memberen gesinn dat genau esou. Dann ziele mer halt dorobber, datt mer all dëse Verstand nach hunn, an dëst net weider zur Spaltung vun eiser Gesellschaft bäidréit.

Falls Dir op äerer Aarbecht e Mëssbrauch vun dësen Dispositioune sollt feststellen, oder selwer sollt Affer vun esou engem Abus sinn, da kontaktéiert eis wegl op fgfc@fgfc.lu. Mir wäerten am spezifesche Fall dann eng adäquat Reaktioun fannen.

Den Inneministère huet sech reaktiv gewisen an innerhalb vun enger Circulaire Präzisiounen zur Ëmsetzung vun den neie CovidCheck Mesure publizéiert. Zousätzlech geet den Inneministère an enger neier Circulaire konkret op déi wichtegst Froen heizou an.

Hei e puer wichteg Informatiounen doraus:

  • D’Personaldelegatioune mussen am Virfeld mat agebonne ginn, éier de CovidCheck Regime fir seng Administratioun agefouert ka ginn.
  • D'Aféierung vum CovidCheck Regime bleift fakultativ. Vun deem Moment un, wou dës Moossnamen ugewannt ginn, sinn se allerdings obligatoresch fir all d‘Agenten an all aner Persounen (Visiteuren) déi an de CovidCheck Beräich kommen.
  • De Covid Check Regime gëllt vum Alter vun zwielef Joer an zwee Méint un.
  • D’Guicheten (Populatiounsbüro Etat civil, …) mussen och fir déi Bierger accessibel bleiwen, déi keen Impfcertificat virweise kënnen. Hei daerf also kee CovidCheck Regime agefouert ginn.
  • Ee Wee fir den Zougang an d'Kontinuitéit vum ëffentlechen Déngscht ze garantéieren ass d‘Méiglechkeet, nëmme fir deen Deel vun der Administratioun de Covid Check Regime unzewenden, deen dem Public net zougänglech ass. Deen Deel dee fir de Public am Kader vun offiziellen an obligatoresche Prozeduren zougänglech muss bleiwen, ass vum CovidCheck Regime auszeschléissen.
  • D‘Zougangskontrollen daerfen net enregistréiert ginn an d‘Agente musse fir all Zougang gepréift ginn. De CovidCheck funktionnéiert dank enger Applikatioun déi keng Donnéeën ophëlt wann den Check duerchgefouert gëtt. Et ass verbueden en Dossier iwwer kontrolléiert respektiv geimpfte Persounen ze féieren!
  • Den Agent muss säi CovidTest ausserhalb vu sengen Aarbechtszäite maachen a selwer bezuelen.
  • Deen Agent, dee sech dem CovidCheck Regime refuséiert, kritt keen Zougang zum CovidCheck Beräich. Hien muss säi Virgesetzen direkt vu senger Situatioun informéieren. Hie ka sech Congé oder CET ufroen, ouni Garantie datt déi Demande ugeholl gëtt. Soulaang wéi hien kee Congé oder CET autoriséiert kritt huet, feelt hien onberechtegt.
  • D‘Konsequenzen am Fall vun onberechtegten Absencen sinn:
    • Fir de Fonctionnaire an Employé communal applizéiert sech den Art. 14.3. vum Gemengebeamtestatut, dee Folgendes seet:
      « le fonctionnaire qui s’absente sans autorisation ni excuse valable perd de plein droit la partie de son traitement à raison d’un trentième par journée d’absence entière ou entamée, sans préjudice de l’application éventuelle de sanctions disciplinaires »
    • Fir de Salarié applizéiere sech entweder d’Dispositioune vum Kollektivvertrag, respektiv vum Code du travail

Déi komplett FAQ fannt Dir um Site vum Inneministère:
https://mint.gouvernement.lu/fr/dossiers/2021/faq-covidcheck.html