djuna1

D' Djuna Bernard iwwert Jugend an Demokratie


D’Parteipolitik muss sech a Fro stellen!

D’Lëtzebuerger konnten 2015 an engem konsultative Referendum iwwer Ännerungen um Wahlsystem ofstëmmen. D’Erweiderung vun der Wahlpopulatioun duerch e fakultatiivt Wahlrecht fir déi 16-18järeg krut mat iwwer 80 % den däitlechste „Nee” vun den dräi Froen. Mam Djuna Bernard, Presidentin vun der Jugendkonferenz a selwer op ville Plaze benevole engagéiert, ënnerhale mir eis iwwer politesch Participatioun vu Jonken, Virwërf vu felendem Interessi an engem Mangel u Bildung, intergenerationell Solidaritéit an e Potential, dat een net soll ënnerschätzen.

Wat huet d’Resultat vum Referendum fir Iech bedeit a wéi eng Konsequenze kann een doraus zéien?

Fir mech gouf déi ganz Saach onglécklech behandelt, eleng d’Fro ass oft net richteg vermëttelt ginn. Et goung ëm e fakultatiivt Wahlrecht, dat et politesch interesséierte Jonken erlaabt hätt, aktiv un Entscheedungsprozesser deelzehuelen. Ech sinn averstanen, datt en obligatorescht Wahlrecht fir 16-18järeger den Ament nach ze wäit géing gräifen, do mussen effektiv nach fir d’éischt Hausaufgaben an der politescher Bildung gemaach ginn. Fir Jonker a Leit wéi mech, déi aus engem engagéierte Milieu kommen, war de Referendum awer schonn e bëssen e Schlag an d’Gesiicht. Et war enttäuschend, datt de Jonken net méi Vertrauen entgéint bruecht gouf. Ech hu selwer d’Erfahrun gemaach, datt een als engagéierte Jonke vun de Medie kann immens gehypt ginn, ëmsou méi traureg mécht et mech, datt d’Vertrauen ophält, wann et drëms geet, mat ze bestëmmen. Et ass ze einfach ze soen, déi Jonk kënnen dat net. Vill Erwuessener hunn net onbedéngt méi politesch Bildung wéi Jonker. Wann een dem Ganzen eppes Positives kann ofgewannen ass dat, datt politesch Bildung an Tëschenzäit eng Prioritéit ginn ass.

Politesch Bildung ass e gutt Stéchwuert. Wéi a wou kann een déi néideg Kompetenze léieren?

Ëmmer an iwwerall wou Leit mateneen a Kontakt kommen, sief dat an enger Partei, engem Sportsveräin oder soss engem Grupp, besteet d’Méiglechkeet, Demokratie ze entdecken an ze léieren. All Form vun Engagement bréngt en Ausenanersetze mat demokratescher Kultur mat sech. E Veräin huet e Comité, dee bei enger Assemblée générale zesummekënnt a bestätegt gëtt. Dat si Prozesser am Klengen, wéi se och op anere Niveaue funktionéieren. D’Asetze fir e gemeinsamen Interessi, de Kontakt zu anere Meenungen, d’Formuléiere vu Positiounen, all dat si Prozesser, déi een an engem Veräin ka léieren. Wa mir iwwer Jonker schwätzen ass och d’Schoul e wichtege Facteur, do kommen si bis op mannst 16 Joer all zesummen. Eis Schoul reagéiert leider ëmmer mat Verspéidung op gesellschaftlech Entwécklungen. De politesche System muss een natierlech kenneléieren, mee et geet och ëm „learning by doing”, ëm Kompetenzen, déi ee brauch, fir Demokratie am Alldag ze liewen. Et ass haut zum Beispill enorm wichteg, datt déi Jonk Mediekompetenz léieren. Eis Schoulkultur konzentréiert sech nach ëmmer ze vill drop, datt ee léiert, Fakten erëmzeginn. Haut huet ee mat Google a co. séier eppes nogesicht, mee dat heescht net, dat ee mat dësen Informatiounen ëmgoen a Fakte kritesch hannerfroe kann. Mir liewen an enger extrem schnelllieweger Gesellschaft an déi Jonk si mat den neie Medien opgewuess. Si si gewinnt, datt ee mat engem Klick un eng Informatioun kënnt oder se erëm verwërft. Et hëllt een sech net méi déi néideg Zäit fir nozedenken. Dat ass awer e Phenomen, wat d’Gesellschaft allgemeng betrëfft. Et gëtt als wichteg eruecht, direkt ze reagéieren. Déi Jonk an och déi manner Jonk musse léieren, net alles ze gleewen, wat se iergendwou gelies hunn. Wéi schonn erwähnt ass politesch Bildung awer elo an den ieweschte Reien ukomm: et steet am Regierungsplang an et gëtt mëttlerweil en Zentrum fir politesch Bildung, bei deem ech och am Conseil d’administration sinn. Et ginn also Efforten an déi richteg Richtung gemaach.

Ass et net grad beim Engagement, wou de Jonken oft en Defizit nogesot gëtt?

Et ass ëmmer séier gesot, datt déi Jonk sech net interesséieren a sech net politesch engagéieren. Där Ausso stëmmen ech absolut net zou, et muss een d’Situatioun méi differenzéiert kucken. Fir d’éischt muss een den Ënnerscheed maachen tëschent Parteipolitik an aneren Aart a Weisen, Politik ze maachen. D’Bedeitung an d’Forme vu Politik änneren sech. Jonker fanne vläicht manner de Wee bei traditionell Parteien a Gewerkschaften, mee dofir fannen si aner Weeër, fir Politik ze maachen. Zum Beispill huet „Move”, d’Jugendbeweegung vum Mouvement écologique, en enormen Zoulaf, de poli-tesche Pendant dozou, „déi jonk gréng” manner. Dat heescht net, datt de Parteiesystem iwwerflësseg ginn ass, mee déi traditionell Strukture mussen sech d’Fro stellen, firwat déi Jonk net méi bei si kommen.

Wouranner besteet dës Verännerung am Engagement?

Zum engen interesséieren déi Jonk sech haut fir aner Themen. Während een sech virun 30 oder 40 Joer nach fir Solidaritéit mat der Revolutioun am Nicaragua agesat huet, maachen sech déi Jonk haut méi Suergen ëm Themen, déi si direkt betreffen. Dat geet vun der Schoul, iwwer Mobilitéit an Europa, zu der Sich no enger Aarbecht an enger Wunneng. Hei spillt sécher den Individualismus an eiser Gesellschaft eng Roll, et ass awer och esou, datt et mëttlerweil Onsécherheete gëtt, déi fréier manner do waren. Dat heescht net, datt d’Problemer an Entwécklungslänner net méi wichteg wieren, mee de Bléckwénkel huet sech geännert an och dës Ängschte muss ee seriö huelen. A wéi enge Strukture kënnen déi Jonk sech  engagéieren ? Als Vertriederin vun der CGJL schwätzen ech fir eng organiséiert Jugend, dozou gehéieren nieft de Jugendparteien a -gewerkschaften och d’Jugend-parlament an d’Schülercomitéen. Et ass awer och kloer, datt dat net déi eenzeg Plaze sinn, wou Jonker representéiert sinn. Aner Acteuren, wéi d’Jugendhaiser, spillen och eng wichteg Roll, well do nach e ganz anere Public hikënnt. Et fält mir ëmmer erëm op, datt et zu Lëtzebuerg Parallelgesell-schafte ginn, déi oft net vill bis kee Kontakt mateneen hunn. Ëmsou méi flott ass et, datt am Jugendparlament och Schüler vun der Europaschoul an der International School matmaachen. D’Jugendparlament funktionéiert multilingual, mol op englesch, mol op franséisch, mol op lëtzebuergesch. Et ass flott ze gesinn, wéi onkomplizéiert do mat der Sproochevillfalt ëmgaange gëtt. Anerersäits kann dat fir e 15järegen Technique-Schüler d’Hemmschwell, fir matzemaachen, nees eropsetzen. Net jidderee fillt sech wuel an engem Schülercomité, enger politescher Partei, engem Sportveräin oder de Scouten, dofir ass et wichteg, datt et eng villfälteg Offer gëtt. Mir probéieren duerch eng breetgefächert Offer sou vill wéi méiglech Jonker ze begéinen, si ze sensibiliséieren an hinne Loscht ze maachen op Diskussioun, op politesch Bildung, dorop, Demokratie ze liewen. Jidderee soll seng Plaz a seng Moyenen fannen, fir un der Gesellschaft deelzehuelen.

Fannen dës an aner Strukture genuch Gehéier bei de méi eelere Generatiounen ?

Bei de Ministèren ass et ënnerschiddlech, de Jugendministère mécht grouss Efforten, fir participativ Mechanismen unzewenden. Déi Jonk gi gefrot, gelauschtert a kënne sech fir hir Positioun asetzen. Aner Ministèren dinn sech méi schwéier domat, dobäi fannen ech, datt déi Jonk net nëmme bei klassesche Jugendsujeten eppes ze soen hunn, mee och doriwwer eraus. E flott Beispill ass, datt mir gefrot goufen, fir zu der Rifkin Etude Stellung ze huelen. Dat war e wichtegt Zeechen an d’Jugendparlament huet am Februar säin Avis dozou ginn. Grad bei dëse Sujeten, wou et ëm déi zukünfteg Entwécklung vum Land geet, sollten déi Jonk mat agebonne ginn, schliisslech beaflossen déi Choixen hir Zukunft. Ech denken dofir och, datt mir d’Thema Wahlrecht fir déi 16-18järeg nom Referendum net dierfe lénks leie loossen, mee datt dat Thema muss weider diskutéiert ginn. D’Medien sinn allgemeng zimlech oppen a ginn deene Jonken vill Plattform. Et ass awer natierlech och un deene Jonken sech Gehéier ze verschafen. D’Jugendparlament probéiert zum Beispill duerch verschidde Medien souwuel un aner Jonker wéi awer och u e méi erwuessene Public ze kommen.

Wéi e Stellewäert moossen déi Jonk der Demokratie bäi? Gesitt Dir en Ënnerscheed tëschent der lëtzebuergescher Jugend a Jonken am Ausland?

Et gi vill Entwécklungen an Tendenzen,  déi zu Lëtzebuerg net vill anescht sinn, wéi am Ausland, a wou och den Ënnerscheed tëscht Jonken an der allgemenger Bevëlkerung net weider grouss ass. E puer Ënnerscheeder beaflossen natierlech trotzdem d’Situatioun zu Lëtzebuerg. D’Diversitéit vun de Nationalitéiten a Sprooche kann um Terrain an de Veräiner an Organisatiounen ëmmer erëm fir Schwieregkeete suergen, respektiv zu enger Situatioun féieren, wou all Grupp hir eege Veräiner huet. Do musse mir eis zousätzlech Moyene ginn, fir datt eng Integratioun a Fräizäit- an aneren Organisatioune ka funktionéieren. E Facteur, deen sech sécher op déi politesch Participatioun vu Leit Ufank 20 auswierkt, ass datt nach ëmmer eng ganz Rei Studenten an d’Ausland gi fir ze studéieren an dofir net sur place sinn. E weideren Challenge, deen awer menger Meenung no déi allgemeng Populatioun grad esou wéi déi Jonk betrëfft ass, datt et eis zimlech gutt geet. Et gëtt eng gewësse Bequemlechkeet, déi déi Jonk deelweis dann och doheem virgelieft kréien. Doduerch, datt mir eng Wahlflicht hunn, gëtt d’Demokratie zu Lëtzebuerg vläicht nach méi als selbstverständlech ugesinn, wéi an anere Länner. Et héiert een ëmmer erëm Leit, déi sech beschwéieren, dat si elo mussen op engem Sonnde wiele goen. Si sinn sech net bewosst, datt dat am Fong eng Chance ass. Den Image vun de Politiker ass net ëmmer positiv. Aktiv Parteipolitik maachen, kann en ondankbaren Job sinn, bei deem ee vill muss kënnen astiechen. Do kann een sech natierlech och froen, ob mir déi richteg Moyenen benotzen, fir de Leit d’Politik an d’Demokratie schmackhaft ze maachen.