Eis Regierung ass um virsiichtege Wee, eis all erëm an eng sougenannten Normalitéit ze féieren. Et ass allgemeng bekannt, dass eis Kanner an deene läschte Wochen schwéier ënnert dem “social distancing” ze leiden haten, an dass et fir si wichteg ass, an de Schoulstrukturen nees gereegelt sozial Kontakter mat hire Kollegen/innen ze kréien. Dozou kënnt, dass den “Homeschooling” – sou gutt en och vum Edukatiounsministère organiséiert ginn ass – op Dauer riskéiert eng imminent Ongläichheet a Saache Bildungschancen ze schafen/verstäerken.
D’FGFC begréisst et dofir, dass eis Kanner elo och nees d’Geleeënheet kréien, erëm méi soziale Kontakt ze kréien, och wann déi sëllechen Sécherheetsbestëmmungen dëst sécherlech net esou einfach maache wäerten.
No der häiteger Pressekonferenz vun eisem Edukatiounsminister Claude Meisch zesumme mam Syvicolpresident Emile Eicher, stelle mir allerdings fest, dass nach e Pak Froen ze kläre bleiwen an dass d’Gemengen bis de 25. Mee nach virun immensen Erausfuerderunge stinn.
Eis Leit um Terrain – net nëmmen déi aus de Sozialstrukturen – si veronséchert wat all déi Informatiounen vun haut konkret um Terrain fir si bedeiten. An deem Sënn, erwaarde mir eis eng Abannung an déi zukünfteg Gespréicher an eng detailléiert Positioun säitens eisem Innenministerium an eisem Patronat.
Delegatiounswalen 2022
Den 13. Mee 2022 sinn Delegatiounswalen fir Fonctionnairen an Employés communaux am Gemengesecteur.Fannt all Informatiounen zu de Walen an eisen FGFC-Kandidaten...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
FGFC mag'
Votre rendez-vous citoyen gratuit
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...