FGFC_Walen

Trau dech a gëff Personaldelegéierten - komm bei eis an d’FGFC-Team!


Bass du Member vun der FGFC a schaffs op enger Gemeng oder engem Gemengesyndikat ? - da bass du genau déi richteg Persoun.

Den 13. Mee 2022 sinn Delegatiounswale fir d’Fonctionnairen an Employés communaux.

Am Gemengesecteur sti mir virun engem Pak Changementer. Zemools wat d’Organisatioun vun de Servicer ugeet, wéi Temps de travail, Télétravail, intern Reglementer, Organigramm, Funktiounen & Kompetenzen… Mir brauchen eng kompetent Delegatioun, déi sech fir eist Personal asetzt.

Als FGFC bidde mir dir all Ënnerstëtzung fir d’Aufgaben als Personaldelegéierten ze meeschteren. Doriwwer eraus bidde mir all Delegéierten eng perséinlech a professionnell Formatioun.Méi Informatiounen fënns du op eiser Internetsäit « Personaldelegatiounen »

Bei eis kanns du dech proaktiv abréngen, wat op denger Gemeng/ dengem Gemengesyndikat fir d’Personal entscheed gëtt.

Mell dech iwwer delegation@fgfc.lu oder iwwer Telefon: 407720-1

Mir freën eis iwwer däin Engagement