visu 1

Studentefoire 2019


Dir fannt eis, vum Donneschden 7. bis de Freideg 8. November 2019 um Stand 2B20 an der Hal 8 vun der Luxexpo The Box um Kierchbierg. D'Ëffnungszäite si vu moies 10:00 Auer bis mëttes 18:30 Auer.

Eis kompetent Equipe informéiert ënneranerem:

Wat fir eng eng Diplomer brauch een fir wat fir e Posten ?
Wat fir eng Exame muss ee maachen a wou kritt een Dokumentatioun ?
Wéi verleeft engem seng Lafbunn?
Wat fir eng Aufgaben huet een op enger Gemeng/ Syndikat ?
Wat fir eng berufflech Perspektiven huet een ?
Wéi ass et mat Weiderbildung a menger Carrière ?
Wéi fonctionnéiert den ëffentlechen Déngscht am allgemengen ?

Mir weisen och nach ee Mol op eis Internet-Rubrik « Jobs » an eis Facebooksäit « Envie d'un job dans la fonction communale » hin, déi méi wéi 12.000 Abonnenten huet. Informéiert Iech bei eis iwwer all fräie Posten am Gemengesecteur!

Kommt bei eis op de Stand 2B20 a stellt eis Är Froen.

Mat beschte Gréiss
Är FGFC-Equipe