Patron de stage

Patron de stage – Schlësselpositioun an der Formatioun


Säit der Grënnung vum INAP kommen dem Patron de stage eng ganz Reih Aufgaben a Responsabilitéiten zou, déi ganz kloer déi enorm Wichtegkeet, déi dëser Schlësselpositioun an der Ausbildung vun eisen zukünftege Kollegen a Kolleginnen zoukënnt, ausweisen.

Leider ass dëst – bal 20 Joer no der Aféierung vum Patron de stage – a ville Gemengen nach ëmmer net an der Praxis ukomm.

An enger Zäit wou d’Fonction publique konsequent op Fonctiouns- a Kompetenzprofiler ëmgebaut gëtt, an an daer och op de Gemengen a Gemengesyndikater ëmmer méi Professionalismus a Reaktivitéit gefuerdert ass, deelt d’Ministesch Bofferding d’Usiichten vun der FGFC, dem Patron de stage endlech déi Bedeitung zoukommen ze loossen, déi him zousteet. Sou stëmmt si z.B. der Ausaarbechtung vun enger Guideline mat « Best practices » an enger spezifescher Formatioun fir d’Patrons de stage zou.

All ze oft gëtt nämlech nach ëmmer vum Stagiaire erwaard, dass hien sou séier wéi méiglech zu 100% asazbereet ass, ouni him allerdings e propperen a kompetenten Encadrement ze garantéieren. De Patron de stage existéiert an der Realitéit oft just um Pabeier, soudas een als Stagiaire – wann een net grad zimlech débrouillard ass –leider séier op verluerenem Posten ass.

Och gëtt vill ze oft net berücksichtegt ob de Patron de stage iwwerhaapt déi néideg sozial wéi professionnel Kompetenzen huet, fir en zukünftege Stagiaire z’encadréieren. Sou gëtt et bis elo keng adäquat Formatioun fir de Patron de stage op séng Missiounen a Responsabilitéite virzebereeden an him déi néideg Hëllefstellung mat op de Wee ze ginn, respektiv him ze erméiglechen sech déi néideg Kompetenzen unzeeegnen.

Mir si frou ze héieren, dass d’Ministesch Bofferding d’Zeeche vun der Zäit erkannt huet a sech engagéiert fir deem aktiv entgéint ze wierken, fir hei endlech en Ëmdenken am Gemengesecteur an eng zäitgeméiss Approche zum Encadrement an der Formatioun vun eisem zukünftege Gemengepersonal ze erreechen.