civid

Covid-19 – Congé pour raisons familiales / Quarantaine


D’Schoul ass nees un. Ma wat mécht een als Elterendeel, wann e Kand a Quarantän gesat gëtt oder op Ordonnance vun der Santé an Isolatioun muss ?

De Ministère de la Sécurité sociale huet festgehalen, dass bei Quarantän oder Isolatioun vun engem Kand, een Elterendeel op de Congé pour raisons familiales zeréckgräife kann. Dee Congé gouf jo Mëtt Mäerz en place gesat.

An dëse Fäll ginn déi Deeg, déi ee wéinst der Quarantän oder der Isolatioun vu séngem Kand muss an Usproch huelen, net vun de legalen Deeg vun der jeeweileger Altersgrupp ofgerechent. 
Fir e Kand tëscht 0 a 4 Joer sinn dat aktuell 12 Deeg, am Alter tëscht 4 an 13 Joer 18 Deeg an tëscht 13 an 18 Joer sinn et 5 Deeg.
De Congé pour raisons familiales kann an Usproch geholl ginn, wann d’Kand entweder a Quarantän gesat gëtt oder eng Isolatioun decidéiert gouf. Dat gëllt souwuel fir Schoulkanner hei am Land oder fir Kanner a Strukturen am Ausland, wou d’Elteren awer hei am Land wunnen. An deem Fall mussen déi auslännesch Autoritéiten, déi d’Decisioun getraff hunn, en Zertifikat oder en Attest ausstellen.

D’Demande ka mat Hëllef vun engem neie Formulaire gemaach ginn. Detailer iwwert de Congé pour raisons familiales fënnt een op guichet.lu

Méi Informatioun op der Websäit RTL