FGFC_TRANSPORT

D’FGFC proposéiert der Innenministesch adequat Adapatatioune fir d‘Lafbunn vun eisen Agents de transport/ Contrôleurs


Op Interventioun vun der FGFC a viregte Reunioune vun der Commision centrale, huet den Intérieur e Projet vun engem RGD proposéiert, fir gewëssen Adaptatiounen un der Lafbunn vum Agent de transport/ Contrôleur virzehuelen. Wëssend dass dëse Projet keng Zoustëmmung bei der Berufsgrupp vun den Agents de transport géif fannen, huet d’FGFC am Virfeld vun der Reunioun e Géigeprojet ausgeschafft, dee si der Commission centrale de 25. März 2021 presentéiert huet. Dëse Géigeprojet, deen de Fuerderunge vun de betraffene Kolleg(inn)en wäitméiglechst Rechnung dréit, an endlech Kloerheet géif schafen, ass op keen Awand vu Säite vum Patronat gestouss.

Folgend Dispositiounen gesäit de Géigeprojet vun der FGFC vir :

  1. All Buschauffeur, dee mat 55 Joer am Grade 7 ass, an nach net Contrôleur ass, soll en automatesche Lounausgläich bis zum läschten Echelon am Grade 7bis kréien.
  2. All Contrôleur, dee virun der Reform 2017 am Niveau supérieur (also minimum am Grad 7bis war), soll d’Méiglechkeet behalen am Grade 8bis op déi läscht Echelonen mat 347 respektiv 354 Punkte ze kommen. Sollt an deem Fall, e Contrôleur e Poste à responsabilités particulières kréien, gëtt en op den Echelon 332 respektiv 347 zréckgestuft, sou dass en am Total net kann iwwer 354 Punkte kommen.
  3. All Contrôleur, deen no der Reform 2017 am Grade 8bis um Echelon mat 347 oder 354 Punkten war an doriwwer eraus e Poste à responsabilités particulières zougesprach kritt huet, kritt näischt ewechgeholl.

Sief nach bemierkt, dass opwuel den Transporterminister Bausch versprach hat, dass keen eppes bei der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport géif verléieren, all eis nei Buschauffeuren net méi am Grade 4 agestallt ginn, mee just nach am Grade 3 – wat eng substanziell finanziell Auswierkung op hir ganz Carrière huet.

Mir als FGFC ginn dovunner aus, dass d‘Madame Ministesch an eiser nächster Réunioun vun der Commission centrale hire Feux vert fir dës adequat Adaptatioune gëtt, an domadder net nëmmen eise betraffene Leit eng Satisfactioun a Carrièreperspektiv géif ginn, mee doriwwer eraus och eise Patronen e Pak Problemer léise géif.