Mir als FGFC fuerdere scho säit geraumer Zäit, déi bekannten Ongerechtegkeeten an der Lafbunn vum Agent de transport/ Contrôleur endlech aus der Welt ze schafen.
Nodeems mir an der Reunioun vun der Commission centrale de 25. März 2021, dem Inneministär eng konkret Géigepropositioun zu hirem Projet virgeluet hunn, déi de Fuerderunge vun de betraffene Kolleg(inn)en wäitméiglechst Rechnung géif droen, koum et an enger rezenter Reunioun vun der Commission centrale, den 29. Abrëll 2021 elo schlussendlech zu engem Accord vu alle Säiten an dësem Dossier, mat der Finalitéit, dass der FGFC hire sämtleche Fuerderungen endlech Rechnung gedroe gouf.
Folgend Dispositioune gesäit dee vun alle Säiten akzeptéierte Règlement grand-ducal vir :
Mir als FGFC si frou, dass mir op dëse Punkten endlech déi néideg Satisfactioun fir eis betraffe Kolleg(inn)en konnten erreechen, verstoppen allerdings net, dass den Dossier „Agents de transports“, mat all sénge Komplexitéiten, nach ëmmer net komplett geléist ass.
Esou si mir bei dëser Beruffsgrupp net nëmme mat enger grousser Erausfuerderung a punkto Admissibilitéitsexamen konfrontéiert, déi doranner resultéiert, dass ëmmer manner jonk Leit déi nei Form vun Examen an dëser Carrière packen.
Eis Kolleg(inn)en hunn, duerch de gratis ëffentlechen Transport, och nach mat substanziellen Aboussen an hirer Carrière ze kämpfen. Opwuel den Transporterminister Bausch versprach hat, dass keen eppes bei der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport géif verléieren, ginn nämlech all eis nei Buschauffeuren net méi am Grade 4 agestallt ginn, mee just nach am Grade 3. Desweideren hunn all eis Buschauffeuren hir Prime de caisse verluer. Dës zwou Ännerunge bedaiten, anescht wéi vum Transportminister ugekënnegt, eng kloer a substanziell finanziell Auswierkung op déi ganz Carrière vun eise Buschauffeuren.
Och wann d’Madame Inneminstesch dës finanziell Verloschter bei eise Kolleg(inn)en net als Ofwäertung vun hirer Carrière gesäit, waerte mir als FGFC dësen Dossier net roue loossen, an eis zäitnoh mat eise Kolleg(inn)e Buschauffeuren zesummesetzen, fir weider gewerkschaftlech Schrëtter virzehuelen.
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.