news depression

Wéi geet et ?


Mat Schwieregkeete konfrontéiert ze sinn, kann eis traureg maachen oder eis an e Lach geheien. Mee ass et just eng kuerzfristeg Flemm? Sou eppes kann e bëssen undaueren. Awer wann et bis méi wéi zwou Wochen dauert, an Dir kee Wee fannt, dass et Iech besser geet, kënnt Dir eventuell duerch eng depressiv Episod goen.

Wann Ären Zoustand Är Fäegkeet behënnert Ärer Aarbecht an Ären deeglechen Aktivitéiten nozekommen, oder wann Dir doduerch Probleemer mat Äre Kollegen hutt, kontaktéiert eis.

www.wei-geet-et.lu