Leschte Freiden hate mir als FGFC, à huis clos, eisen extraordinaire Kongress. Heibäi sinn eis nei Statutten definitiv an eestëmmeg ugeholl ginn. Soumadder ass de Grondsteen fir eng moderniséiert FGFC geluecht. Wärend den nächste 5 Joer ass et un enger neier Equipe eng op de Member zentréiert, modern, digital vernetzt “Déngschtleeschtungs-Gewerkschaft” ze formen.
Säit der Gehälterreform 2017 bei de Gemengen/Syndikater sinn nei regruppéiert “Groupements Traitement” am Gemengesecteur agefouert ginn. Dëst hat zur Konsequenz, datt eis, iwwer 100järeg gewuessen, gewerkschaftlech Strukturen net méi gestëmmt hunn.
E weidere battere Konstat war deen, dass net nëmme bei eis Gewerkschaften, de benevolaten Engagement ëmmer méi ofhëllt. Somme ass hei, et ginn ëmmer manner Leit, déi bereet sinn, sech an engem Comité z’engagéieren. Dës allgemeng gesellschaftlech Tendenz huet e groussen Impakt op de Fonctionnement vun eisen Associatiounen. Dëst ass e Fakt, virun deem mir eis net verschléisse wollten.
Eis iwwerschafften FGFC Identéit baséiert sech op folgend dräi Grondwerter: kommunal, proaktiv, partizipativ
Als FGFC si mir déi eenzeg Gewerkschaft, déi d’Expertise fir de gesamte Gemengesecteur huet. Mir sti kloer fir eng Optimiséierung vun der kommunaler Organisatioun a Kommunikatioun. Dëst mat konkreter Abannung vun de Personaldelegatiounen, déi hei fir eis eng Schlësselpositioun op der Gemeng ze besetzen hunn. Onofhängeg vu Statut oder Régime, setze mir eis fir eng kommunal Identitéit an - déi engersäits d’Responsabilitéit vum Personal assuméiert, fir en optimalen Déngscht um Biirger ze garantéieren - an anersäits awer och eng Unerkennung a Matabannung vun eise Leit bei Reformprozesser, säitens dem Patron viraussetzt.
Déi Zäiten nom Motto: “Mir sinn dofir, dogéint ze sinn”, si fir eis als FGFC eriwwer. Mir waerten eis verstärkt konstruktiv a proaktiv a lafend Prozesser a Reformen abannen – dëst fir e modernen a kompetitive Gemengesecteur.
D‘Schlësselkonzept vun der neier FGFC ass:
“Direkt Abannung an d‘Approche vum Member iwwert digital Applikatiounen direkt a seng Täsch, spréch op den Handy, awer net nëmmen.”
Dofir gliddere mir eis Memberschaft esou, wéi si zesummen op der Gemeng schaffen. Iwwert d’Schaffen hunn eis Leit een Intérêt commun, an doranner ka jiddereen, wann en da wëll, mat minimalem Opwand, an eiser Gewerkschaft proaktiv an initiativ ginn.
D’Identifikatioun leeft also iwwert d’Zesummeschaffen an net méi, wéi bis elo iwwert d’Identifikatioun mat der Carrière, spréch mat der Pei. Mir erhoffen eis heiduerjer eng méi partizipativ Memberschaft vun eise Leit.
Profesionnell a perséinlech Formatioune vun eise Leit, stinn hei fir eis un éischter Stell.
Dat Ganzt hu mir an eng transparent a kloer Struktur gegoss an déier de Member a seng Famill am Mëttelpunkt steet.
Eisen neien Exekutivbüro stelle mir hei an enger gesonnerter News vir: FGFC mat neier Equipe an d‘Zukunft
An den nächste Méint setze mir dat Ganzt konkret ëm, mat dem Zil eisem Member eng Plateform unzebidden, déi eng konkret Plus-value vu senger Cotisatioun bei eis duerstellt.
Doriwwer eraus komme mir Ugangs 2022 mat kloere gewerkschafts-politesche Visioune fir de Gemengesekteur à charge. Bis dohinner schaffe mir weider intern un eiser neier Koordinatioun.
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.