Nouveau bureau exécutif

FGFC mat neier Equipe an d‘Zukunft


Extraordinaire Kongress vun der FGFC

Innerhalb vun enger interner Campagne ënnert dem Numm “GoTeam” hu mir jonk Kolleeginnen a Kolleege fonnt, déi d‘Verantwortung iwwerhuelen fir am Intérêt vun enger moderner, biergernoer Entwécklung vum gesamte Gemengesecteur, sech perséinlech z‘engagéieren. Zesumme mat professionnelle Coachen, hu mir eng frëschgebaken Equipe zesummegeschweesst, an déier jiddereen seng Kompetenzen entwéckle kann.

Den neien FGFC Exekutivbüro setzt sech wéi folgt zesummen:

  • Marco Thomé, Gemeng Kayl, President
  • Claude Reuter, Stad Lëtzebuerg, Vize-President
  • Laurent Betti, Stad Esch, Trésorier
  • Steve Hatto, Gemeng Miersch
  • Giorgio Ricciardelli, Stad Déifferdeng
  • Christian Weis, Gemeng Biwer
  • Franky Wohl, Gemeng Dippech

Membere vum Bureau exécutif élargi sinn:

  • Lynn Kettel, Gemeng Wormer
  • Théo Schickes, TICE vun Esch
  • Anne Schiltz, Stad Diddeleng

Méi Info op : FGFC erfënnt sech nei: kommunal, proaktiv, partizipativ