Delegatiounswalen-TICE

Delegatiounswalen: um TICE muss nach eng Kéier gewielt ginn


Opgronn vun engem prozedurale Feeler ginn d’Delegatiounswalen um Syndikat TICE zu Esch vum 13. op den 31. Mee reportéiert.

D‘Gewerkschaften FGFC an OGBL hunn zesumme mam Innenministère an dem TICE-Bureau en Accord fonnt, fir esou eng korrekt Wal ze garantéieren.

All Stëmmziedelen, déi bis elo erausgeschéckt gi sinn, respektiv schonns zréckgeschéckt gi sinn, sinn ongülteg!

Dat gesamt stëmmberechtegt Personal kritt ab Enn dëser Woch nei Stëmmziedelen zougeschéckt. Dës musse bis spéistens de Freideg, 27. Mee zréck am TICE-Walbüro ukomme.

Déi zwou Gewerkschaften, FGFC an OGBL, si sech doriwwer eraus eens ginn, ab elo, eng sachlech a fair Walcampagne ze féieren.

Mir weisen zesummen dorops hinn, dass et wichteg ass eng kompetent Personaldelegatioun ze hunn a ruffe jiddereen op, vun sengem Stëmmrecht Gebrauch ze maachen an ze wielen.

All d'Informatiounen zu eisen FGFC-Kandidaten um TICE an hirem Programm fannt Dir hei : Delegatiounswalen 2022