harmonisation_groupe

Harmonisatioun vun de Groupen C&D am kommunale Secteur


Den Dënschden 25. Oktober 2022 war, ewéi an der leschter Commission centrale ausgehandelt, déi éischt Sitzung vum Groupe de travail zur bevirstoender Harmonisatioun vun de Lafbunnen C&D am kommunale Secteur. Dës Harmonisatioun betrëfft souwuel Fonctionnairen, wéi och Employés communaux.

De MINT huet eis seng generell Approche presentéiert:

All eis Lafbunnen, déi ee Pendant beim Staat hunn, gi genau wéi hir Homologen reklasséiert:

  • Expéditionnairen an Artisanen, kommen an den neien C1. 
  • D2 an D3'en kommen an den neien C2.

Fir déi gemengespezifesch Carrière vum Agent de transport, Agent pompier souwéi dem Agent municipal, gëtt eng nei Lafbunn C2bis agefouert, déi hir fréier Lafbunn aus dem D1 eent zu eent iwwerhëlt.

No dësem éischten Échange, an no der Zouso, dass bei dëser Harmonisatioun keen eppes verléiere wäert, kënne mir virsiichteg optimistesch sinn. Mir mussen allerdéngs en attente bleiwen, dass de MINT eis eng éischt Versioun vum Text ka virleeën, iwwert deen da konkret ka verhandelt ginn.

Eng konkret Fuerderung wäerte mir der Inneministesch awer schonn am Virfeld zoukomme loossen:

Eis Agents Municipaux mussen an Zukunft d’Méiglechkeet kréien, fir e Changement de carrière an den C1 ze maachen an hir Attributiounen als Agent Municipal ze behalen, wa si weider des Funktioun ausüben. Dëst ass am Moment laut dem Intérieur net virgesinn.

Bedéngt duerch eng nei Struktur vu Graden an Echelonen an deenen neie Groupen, wäert et och bei dëser Harmonisatioun, genee wéi scho bei der Reform 2017, zu ville Recalcule vun de Lafbunne kommen. Hei erwaarde mir als FGFC, dass eis Personalbüroen déi adequat Hëllefstellung säitens dem Intérieur kréien.

Och wann den Datum vun der Aféierung an eisem Secteur nach net feststeet, gesäit den Inneministère, wéi beim Staat, eng Retroaktivitéit op Juli 2022 vir. Hei brauch et allerdéngs eng Ausnam fir d‘Agents Municipaux, wou den Text sech chronologesch no der aktueller Reform vun hirer Carrière muss areien.

Soubal mir méi sprochräif Detailer hunn, deele mir dat mat.