astellungsexamen

Astellungsprozedur am Gemengesecteur


D’Epreuve d’aptitude générale soll aus der Astellungsprozedur erausgeholl ginn.

An daer läschter Réunioun vun der Commission centrale huet d’FGFC-Delegatioun mat Satisfactioun folgend Nooricht vun eiser Innenministesch opgeholl: An Zukunft soll d’Astellungsprozedur am Gemengesecteur vereinfacht ginn, andeems d‘Eupreuve d’aptitude générale ewechfale soll. Madamm Ministesch huet eis matgedeelt, dass mir an enger näeschster Commission centrale (ëm d'Ouschterzäit) iwwer déi konkret Ëmsetzung schwätzen.

Säit längerem huet d’FGFC drop higewisen, dass dësen zousätzlechen Deel beim Recrutement just zu Problemer féiert, a mir hunn d’Sënnhaftegkeet vun dëser Epreuve méi wéi eng Kéier a Fro gestallt.

Dës Epreuve, déi eenzeg an alleng op Raisonnements- a Logiktester baséiert, huet de facto näischt mat der spéiderer Funktioun vun den AgentInnen op hirer zukünfteger Aarbecht ze dinn. Doriwwer eraus féiert d’Richtlinn vum CGPO, dass jeeweils nëmme ronn 50% vun de KandidatInnen an dëser Epreuve dierf duerchkommen, zu enger Pénurie vu Kandidate fir den Admissibiitéitsexamen, a soumat zu massive Recrutementsproblemer an eisem Secteur.

Mir als FGFC begréissen der Madamm Ministesch hir ugeduechten Démarche, an dass si erkannt huet, dass den Haaptaccent op den Admissibilitéitsexame soll geluecht ginn, dee fir all Lafbunn seng spezifesch Matière beinhalt.

An dësem Kontext bréngt d’FGFC nach ee Mol zum Ausdrock, dass si fir eng Beruffsschoul fir den ëffentlechen Déngscht ass. No engem diplom-adaptéierten Admissibilitéitsexamen sollt eist Personal op déi, bei hirem Gemengepatron néideg, Kompetenzen a Funktiounen ausgebild ginn.

FGFC-Bureau exécutif élargi
2. Februar 2023