changement

Changement de groupe


Ënneranerem ass de Werdegang (Coursen, Epreuven, Mémoire mat Défense) beim Changement de groupe am Gemengesecteur anescht wéi beim Staat.

Den Inneministère huet eis an deem Kontext matgedeelt, dass ee generell Iwwerleeungen ustelle sollt, fir d’Prozeduren zum Changement de groupe z’iwwerschaffen.

Aus deem Grond kéinten zum aktuellem Zäitpunkt keng Upassungen un eisem Text gemaach ginn.

Mir als FGFC géifen et begréissen an déi Iwwerleeunge matagebonnen ze ginn. Ze dacks stelle mir nämlech fest, dach nach esou gutt gemengten nei Reglementatiounen a Gesetzer net onbedéngt der Praxis gerecht ginn.

An eisem partizipative Workshop « Recrutement & Formatioun », deen Ufank Maerz offiziell lancéiert gëtt, wäerte mir als FGFC konkret Propositiounen developpéieren an den zoustänngen Instanzen ënnerbreeden.