Workshop

FGFC : Lancement vu participative Workshop-en


FGFC hat um Donneschden 23. Februar 2023 hire Comité directeur ordinaire zu Leideleng. Um Ordre du jour stungen, nieft de gewerkschaftlechen Aktualitéiten an de Finanze fir 2023, de Lancement vun 3 internen Workshop-en.

D’FGFC steet fir Participativitéit mat senge Memberen a wäert sech mat folgende wichtege Sujete beschäftegen:

Organisation de travail

Iwwert Jore sinn ëmmer méi Elementer an eis Texter agefloss wzB Horaire mobile, CET, etc. Eis Texter sinn awer ni an hirer Gesamtheet mat den eenzele RGD’en iwwerschafft ginn. Des Weideren ass festgestallt ginn, dass beim Staat deelweis aner Bestëmmungen a Kraaft sinn, wéi am Gemengesecteur. Rezent ass den Text um Instanzewee betreffend den Télétravail, deen onbedéngt muss an eisem Secteur iwwerholl ginn. Et geet an dësem Workshop ëm eng secteuriwwergräifend a praxisorientéiert Analyse vun den Texter, fir eng kloer Text-Propositioun säitens der FGFC, zu folgende Punkten, auszeschaffen:

  • Temps de travail 
  • Heures supplémentaires/ permanences 
  • Cas spécifiques (p.ex. maladie) 

 

Délégations du personnel

Op eiser Journée des délégués 2022 hate mir ënner Anerem eis Personaldelegéiert gefrot, wéi si hir Missioune gesinn a wat si bräichte fir déi adequat ëmzesetzen. D’FGFC vertrëtt de Standpunkt, dass Personaldelegatiounen e wichtegt Bindeglitt tëschent Patron a Personal sinn, a mir heifir nei Reglementatioune brauchen, déi eng Plusvalue fir den Delegéierten awer och de Patron sollen hunn. Dëse Workshop huet folgend Kärpunkten:

  • Elections & composition 
  • Missions & fonctionnement (ROI) 
  • Sécurité & formation 

 

Engagement & Formation

Säit Jore beklot sech souwuel d’Patronat, wéi d’FGFC, dass mir net séier genuch recrutéiere kënnen. Rezent huet d’Madamm Innenministesch hei Ouverture gewisen an en éischte Schratt an déi verbessert Richtung ugedeit – d’Ofschaafe vun der Epreuve d’aptitude générale. Elleng heimadder ass et awer fir d’FGFC net gedoen. Mir brauchen en eentheetlechen Admissibilitéitsexamen fir de gesamten ëffentlechen Déngscht an eng Beruffsschoul no Fonktiounen an Affectatioun. 

An dësem Workshop gëtt e Gesamtkonzept ausgeschafft, dee vun der Admissibiltéit, iwwert den Engagement bis hin zur Formatioun an dem professionnellen Developpement vum Personal geet. Dofir sinn d’Kärpunkte vun dësem Workshop:

  • Recrutement 
  • Engagement 
  • Formation et développement professionnel 

 

Konkret wäerten Memberen aus dem FGFC- Comité directeur en Diskusiounspabeier pro Workshop ausschaffen. Dono banne mir eis Leit um Terrain an, fir hir Meenung a Praxiserfarung an de finalen Text z'integréieren.