Fir d’Mataarbechter.inne ass eng offiziell Informatiounsversammlung, Dënschden de 14. Maerz 2023 um 15:00 Auer am "Grand Théâtre" vun der Stad. No Méiglechkeet ginn déi concenéiert Salariéeën vun hirem Déngscht fräigestallt. Salariéën déi zum Zäitpunkt vun der Informatiounsversammlung net schaffen, kënnen eng Stonn CET guttgeschriwwe kréien.
Den Dënschdeg 21. Februar hunn d’ Gewerkschaften, souwéi de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg een neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg ënnerschriwwen.
De Kollektivvertrag, deen de 27. Februar 2023 vum Gemengerot eestëmmeg gestëmmt ginn ass an deen d’Astellungs-, Aarbechts- a Lounbedingunge vun de ronn 2.500 Salariéë vun der Stad reegelt, enthält ënnert anerem déi folgend Mesuren:
Zu de Karriären an de Lountabelle fir Salariéë mat manuellen Tâchen (fréier Aarbechter/innen) ass ze soen, dass se ganz nei opgestallt goufen an elo a 6 verschidde Loungruppen agedeelt ginn.
Des Opstellung entsprécht dem gemeinsame Wonsch vun de Parteien – also dem Schäfferot an de Personal- a Gewerkschaftsvertrieder - fir transparent a fair Karriären ze definéieren, déi sech op dräi objektiv Critère baséieren: heibäi goufe jeeweils de Grad vun der Komplexitéit vun der Aarbecht, déi physeschen a psycheschen Ufuerderungen a Belaaschtungen, souwéi déi néideg Qualifikatioun bewäert an duerno goufen all Funktiounen a 6 verschidde Loungruppen aklasséiert.
All Loungruppen evoluéiere linear a 15 Biennalen. D’Parteien hunn drop Uecht ginn eng Iwwergangsreegelung fir déi aktuell Salariéë fest ze halen, déi d’Erhale vun de sozialen Acquisen erméiglecht.
Der Käschtenentwécklung an anere Lounaccorde gouf Rechnung gedroen duerch eng Erhéijung ëm 5,5 Punkte vun der “Sonderzulage” fir Salariéë mat manuellen Tâchen. Donieft gëtt eng Meeschterprimm agefouert an d’Karriär vum Viraarbechter gëtt reforméiert : an Zukunft kënnen et an all Loungrupp Viraarbechter an och Chefs Secteur /Surveillants d’équipe ginn, déi da jeeweils eng Féierungsprime kréien. Och an dësem Beräich garantéiert den Iwwerganksregimm, dass keng Pertë par Rapport zur aktueller Karriär entstinn.
De Kollektivvertrag trëtt mam Vott vum Conseil réckwierkend op den 1. Januar 2023 a Kraaft a gëllt fir 3 Joer.
Déi eenzel Mesure ginn ab Mäerz ëmgesat a kuerzfristeg sinn och Informatiounsversammlunge fir d’Chefs de Service an d’Correspondants en affaires du personnel.
Hei de Link op den neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.