Examen admissibilité

Admissibilitéitsexamen: FGFC begréisst d’Ofschafe vun der Epreuve d’aptitude générale !


No villle Problemer bei der Astellung vu Gemengebeamten, net zulescht bei den „Agents de transport“, koum et innerhalb vun der leschter Sitzung vun der Commission Centrale am Intérieur zum Accord, den 1. Deel, spréch d’Epreuve d’aptitude générale, endlech erëm ofzschafen. Op Gronn vun der renger digitaler, dofir onduerchsichteger Approche, war dësen „online Test“ einfach net ze halen.

Soumat bleift also deemnächst just nach de rengen Admissibilitéitsexamen ze packen, fir an de Gemengesecteur schaffen ze kommen. Mir informéieren, soubal den Datum gewousst ass, wéini d’Epreuve d’aptitude générale ofgeschaft wert ginn. Bis dohinner bleiwen déi aktuell zwee Examen bindend.

Aktuell ass de Staat allerdings schon nees dobäi en neie Modell op de Wee ze bréngen, deen an eng komplett aner Richtung geet. Et riskéiert also net méi laang ze daueren bis datt dëst och bei eis kënnt. Nodeems 2021, den Admissibilitéitsexamen fir de Gemengesecteur reforméiert ginn ass, mir elo een Deel vun dëser Reform nees ofschafen, fänke mer wuel gläich alt erëm vu vir un. Mir mellen eis dann zäitnoh op dëser Plaz mat weideren Informatiounen.

Allgemeng bedauert d’FGFC wéi methodesch onprofessionnell d’Organisatiouns-Entwécklung beim Staat, an nach schlëmmer bei de Gemengen, op d’Schinn gesat gëtt. D‘Léisung heizou ass eiser Meenung no, d’Schaafung vun enger INAP „Beruffsschoul“ fir den ëffentlechen Déngscht.

Astellung, Formatioun, Mobilitéit, Changement de service a villes méi, kéinten op dësem Niveau professionnel an zukunftsorientéiert ëmgesat ginn. Weider wier et dann um INAP, mat dëse Kompetenzen, sämtlech Examen an der Fonction publique duerchzeféieren.