No deene rezenten a widderhuelend Iwwergrëff op Personal vum Busbetrib TICE an deene méintelaange Verspriechen säitens der Politik, huet sech Personaldelegatioun vum TICE zu engem Protestpiquet entscheet.
Mir als FGFC invitéieren jiddereen dee generell géint Gewalt ass an sech solidaresch mat eisem TICE-Personal weise wëll, de Freideg 24. November 2023 um 10:00 Auer op der Esch Gare eist betraffend Personal z'ënnerstëtzen.
D'FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal ass dovunner iwwerzeegt, dass den Dialog an de géigesäiteg Respekt, dee beschte Wee ass zu positiven Ziler ze kommen, wouvunner Personal an de Patron profitéiere kann - dëst zemools fir eng laangfristeg Zesummenaarbecht opzebauen. Fir déi Ziler z'erreechen mussen sech awer béid Säiten un hir Zousoen a Verspriechen halen. Wann dat net geschitt an sech déi bekannten an inakzeptabel Situatiounen ëmmer erëm widderhuelen, wéi an dësem Dossier, zu gewalttätegen Iwwergrëff kënnt bleift och enger FGFC näischt aneschtes iwwereg wéi mat Nodrock op déi politesch Verpriechen hinzeweisen. Mir bedaueren, dass anscheinend d'Politik no de kommunale Wale Gedächnislücken huet - deen neie Buergermeeschter vun Esch kritt elo Chance sech zesummen mam de politësche Verantwortlechen vum TICE ze beweisen.
Zu dësem Dossier kann een nach folgend FGFC-News liesen: Erëm Aggressiounen géint TICE-Personal: Patron a Politik stinn an der Verantwortung
Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi & der Sektioun FGFC-TICE
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.