compte épargne-temps

Compte Épargne Temps och elo fir d‘Gemengen!


Sou séier wéi nach nie, gouf dës Kéier eng nei Mesure beim Stat och fir d’Gemengen ëmgesat.

Dës nei Zäitspuerkonten sollen de Kolleginnen a Kollegen op de Gemengen d’Méiglechkeet bidden, hir geschafften Zäit an hir net genotzen Congésdeeg unzespueren, fir se zu engem spéideren Zäitpunkt ze notzen. Dës Mesure erlabt hinnen domat eng méi zäitgeméiss a flexibel Gestioun am Sënn vun enger moderner Work-Life-Balance.

Wuelwëssend dass den Inneministère a sénger Circulaire N°3631 vum 21. September 2018 op eng Reih Détailer zu dëser neier Mesure higewisen huet, bleiwen trotzdem nach eng sëlleche Froen op.

Wéi sollen z.B. déi nei Zäitspuerkonten praktesch ëmgesat a géréiert gin?

Wat fir eventuell Adaptatiounen mussen bei de jeeweilegen Horaire mobile’s-Règlementer virgeholl ginn?

No der Reform – mat hire sëllechen Adaptatiounen – gesi mir hei e weideren Défi fir all eis Kolleginnen a Kollegen, déi sech ëm d’Personalgestioun musse këmmeren.

Bis op Weideres fannt der hei de vulgariséierten Text zum compte épargne-temps:

Fonctionnaire: http://www.fgfc.lu/page/libdoc/87/138/FRE/index.html

Employé com: http://www.fgfc.lu/page/libdoc/87/139/FRE/index.html

Mir bleiwen op alle Fall weider um Ball.