studentefoire

FGFC INFO-Stand op der Studentefoire, den 8. & 9. November 2018 um Stand 8D55 an der Hal 8


Dir fannt eis, vum Donneschden 8. bis de Freideg 9. November 2018 um Stand 8D55 an der Hal 8 vun der Luxexpo The Box um Kierchbierg. D'Ëffnungszäite si vu moies 9:30 Auer bis mëttes 18:00 Auer.

Eis kompetent Equipe informéiert ënneranerem:

  • Wat fir eng eng Diplomer brauch een fir wat fir e Posten ?
  • Wat fir eng Exame muss ee maachen a wou kritt een Dokumentatioun ?
  • Wéi verleeft engem seng Lafbunn?
  • Wat fir eng Aufgaben huet een op enger Gemeng/ Syndikat ?
  • Wat fir eng berufflech Perspektiven huet een ?
  • Wéi ass et mat Weiderbildung a menger Carrière ?
  • Wéi fonctionnéiert den ëffentlechen Déngscht am allgemengen ?
  • ....

Mir weisen och nach ee Mol op eis Internet-Rubrik « Jobs » an eis Facebooksäit « Envie d'un job dans la fonction communale » hin, déi méi wéi 11.000 Abonnenten huet. Informéiert Iech bei eis iwwer all fräie Posten am Gemengesecteur!

Kommt bei eis op de Stand 8D55 a stellt eis Är Froen.

Mat beschte Gréiss
Är FGFC-Equipe