reclassement

Dringenden Handlungsbedarf bei der Reclassements-Prozedur vum Employé communal


D‘FGFC, als Personalvertrieder vum Gemengesecteur, huet an der Réunion vun der leschter Commission centrale drop higewisen, dass et en dringenden Handlungsbedarf gëtt, wat d ‘Prozedur fir de Reklassement no enger längerer Krankheet vun engem Employé communal ugeet.

Hei ass et effektif esou, dass den Employé communal, soulaang en nach net an de Pensiounsrégime vum Gemengebeamten gewiesselt ass, weder richteg vun der Prozedur aus dem Code du travail couvréiert ass, nach iwwert d ‘Prozedur vum „service à temps partiel pour raisons de santé“ vum Gemengebeamten ofgeséchert ass.

Déi concernéiert Leit mussen deemno aktuell eng Invaliderent ufroen, an der Hoffnung dass de Contrôle médical déi refuséiert. Dëst setzt déi Leit verständlecherweis, zousätzlech zu hirer längerer Krankheet, enger grousser Onsécherheet aus, dowéinst muss hei dringend reagéiert ginn.

Bedingt doduerch dass dës Problematik identesch ass beim Employé d’Etat, gouf et an der Commission centrale e Konsens mam Inneministère, fir de Minister vun der Fonction publique och mat dësem Dossier ze chargéieren.

Mir wäerten hei also zäitnoh souwuel dem Ministère vun der Fonction publique, wéi och dem Inneministère eng Propose mat konkrete Léisungsvirschléi zoukomme loossen.