Télétravail

Nei Aarbechtsmethode fir eng motivéierend a gesond Aarbechtskultur


Duerch de Covid-19, mat séngem Lockdown an deem obligatoreschen #bleiftdoheem, hunn Digitalisatioun an Télétravail – zwee grouss Schlagwierder eiser Zäit –op eemol musse konsequent ëmgesat ginn. Generell stelle mir als FGFC fest, datt dëst zum allergréissten Deel gutt fonctionnéiert huet. Dëst obwuel et fir de Gemengesecteur bis elo an deem Beräich keng Kaderbestëmmunge gëtt.

D’Digitalisatioun verännert d’Bild vun der Gesellschaft an natierlech och vun eise Verwaltungen. Hei sti carrément joerzéngtelaang haart erkämpften Acquisen nees zur Dispositioun. Fir eis als Gewerkschaft geet et also net ouni déi néideg Garantien.

Niewt enger neier Kommunikatiounskultur gëtt en neit géigensäitegt Vertrauensverhältnis tëscht dem Patron a senge Mataarbechter eng Bedingung, ouni déi et net geet.

Liest hei eise kompletten Artikel zu dësem Thema ...