News_Symposium

FGFC Symposium "Mateneen fir eng modern Gemeng - Wou sti mer zesummen?"


Op Invitatioun vun der FGFC koum et rezent zu enger Table ronde mat dem zentralen Thema „Mateneen fir eng modern Gemeng - Wou sti mer zesummen?“ D’Diskussiounsronn war gekennzeechent vun engem gemeinsame kommunalen Esprit. Et goung virun allem ëm déi geplangte Changementer bei der Organisatioun bzw. beim Personalmanagement bei de Gemengen. De Statut vum Elu local, grad esou wéi d’Wichtegkeet vun de Personaldelegatioune stoungen och am Mëttelpunkt.

D’Regierung schafft bekanntlech aktuell un enger Reform vum Gemengegesetz. De Gemengesecteur waart schonns méi laang op dës Reform. Déi éischt Conclusioune betreffend déi vum Interieur initiéiert Campagne „Mateneen fir eng modern Gemeng “ goufe rezent an der Chamber debattéiert.

An dësem Kontext koum et leschte Freiden am Domaine Thermal zu Mondorf zu enger Table ronde mat der Participatioun vun:

  • Taina Bofferding, Inneminister, Minister fir d’Egalitéit tëscht Mann a Fra
  • Emile Eicher, President vum SYVICOL
  • Marco Thomé, President FGFC

D’Table ronde gouf moderéiert vum Carole Schimmer, Journalistin beim Radio 100komma7.

Nieft der Fro, wat et u finanzielle Mëttelen souwéi u personelle Ressource brauch fir en eentheetlechen Déngscht um Bierger unzebidden, ware folgend Themen en zentrale Gespréichspunkt:

Neie „Koordinateur“ bei de Gemengen

D’Inneministesch huet annoncéiert am ganze Kontext vun der Reform vum Gemengegesetz de Volet „Organisatioun a Personalmanagement“ virzezéien. Ënnert anerem soll et zäitno zu engem Dépôt vun engem Text kommen, wou d’Detailer inklusiv Kompetenzen definéiert ginn. Hei geet et konkret ëm eng Fonktioun säitens der Personalstruktur, un déi de Schäfferot Entscheedunge kann ofginn a soumatt nees méi Zäit kritt, fir sech ëm seng politesch Missiounen ze bekëmmeren.

Statut vum „Elu local“

Och de Statut vum Kommunalpolitiker*in soll direkt op de Leescht geholl ginn. Den Emile Eicher, SYVICOL, huet dëst besonnesch begréisst an ass gespaant op konkret Propositioune vun der Regierung. Weider huet hien betount, dass een heifir d’Rad net onbedingt nei erfanne misst an z.B. an der Belsch eng gutt Virlag géif fannen.

Kompetent Personal

Eenegkeet war bei den Invitéeë vun der Table ronde, dass d’Formatioun vum Personal eng zentral Roll bei der Ëmsetzung vun den Déngschtleeschtunge spillt.

De Marco Thomé huet an deem Kontext déi aktuell Recrutéierungscampagne vum Intérieur begréisst, dëst well de Gemensecteur kompetent Leit brauch. Änlech wéi beim Staat, wier e Centre de Gestion du Personnel et de l’Organisation (CGPO communal), deen ënnert anerem d’Expertise fir eng modern Personalgestioun a Koordinatioun kéint vermëttelen, fir d’Gemengen méi wéi sënnvoll.

Delegéierte bei de Gemengen

Bei der uschléissender interessanter Froeronn am Sall ass ënneranerem d’Wichtegkeet vun de Personaldelegéierte bei de Gemengen ervirgehoff ginn. Si missten onbedingt an dësem Reformprozess mat neie Kompetenzen integréiert ginn. Net nëmmen de Politiker feelt et u Fräistellung - dëst ass och en Thema bei de Personaldelegatiounen. Heimadder wäert d’FGFC an nächster Zäit d’Commission Centrale saiséieren.

Enregistrement vun der Table ronde

D’Table ronde ass integral enregistréiert ginn. Mir schaffen aktuell drun déi zentral Aussoe vun dësem 1. FGFC Symposium a klenge Video-Kapselen digeste ze presentéieren.