FGFC_visionpolitique1

FGFC Vision politique - Organisatioun vum Gemengesecteur


 

 

 

 

 

 

 

D'FGFC verdeedegt en efficace Fonctionnement an eng dynamesch Gestioun vum Gemengesecteur, dat mam Schwéierpunkt op de Kompetenzen an der Verantwortungs-Autonomie vu jidderengem innerhalb vun de Gemengestrukturen.

D’FGFC steet fir en effizienten an efficace Gemengeservice, definéiert vun enger Approche wou de Bierger als « Client » wouer geholl gëtt amplaz als « Administréierten ».

Et ass virun allem an dësem Bewosstsinn an deem d'FGFC sech als integrativen Acteur bei der Weiderentwécklung vum Gemengesecteur gesäit. De Bierger, deen an senger Gemeng wunnt, huet als « Client » e Recht drop, dass d’Servicer u seng Besoinen adaptéiert an évaluéiert ginn.

D’FGFC ass fir Gemengefusiounen, dëst fir eng kohärent Entwécklung ze garantéieren an déi zukünfteg Erwaardungen an Erausfuerderungen ze meeschteren.

An deem selwechte Kontext widderhëlt d‘FGFC hir Fuerderung, datt de Gesetzgeber d’Missioune vun de Gemengen a Syndikater adaptéieren an nei definéiere misst.

Hei soll ënnerscheed ginn tëscht:

  • obligatioresche Missiounen
  • fakultativen Domainer (spezifesch Servicer)
  • Verbueter

Aus der selwechter Idee eraus ass d‘Fuederung vun der FGFC enstaanen, fir déi intern Strukturen op folgend Pilieren opzedeelen:

  • Administration
  • Culture
  • Finances
  • Sécurité, salubrité publique et tranquillité
  • Socio-éducatif
  • Technique

D'FGFC revendiquéiert vum Gesetzgeber eng kloer Definitioun vun den néidege Viraussetzungen, dass Gemengegewielten hiert politescht Mandat « en bonne et due forme » ausübe kënnen. Heizou gehéiert aus eiser Siicht och eng Formatioun am « Management public ». Eis ass bewosst, dass een an eisem demokratesche System keng Konditioune festleeë ka fir gewielt ze ginn - trotzdem misst eng reegelméisseg Formatioun vun den ëffentlechen Instanzen ugebuede ginn. Folglech wier déi Formatioun e « must have » an net « nice to have ».

An deem selwechte Kontext ass d’FGFC méi fir eng Professionaliséierung vun de Fonktioune vum lokal gewielte Vertrieder an domatter géint dat Duebelmandat vum « député/ maire ». Fir déi politesch Gemengeninteresse vis à vis vum Staat ze vetrieden, ralliéiert d'FGFC sech un d‘Fuerderung vum SYVICOL a schwätzt sech fir eng « Chambre des Élus Locaux » aus – dat mat deene selwechte Pregorativen wéi déi aner « Chambres professionnelles ».

Selbstverständlech mussen d’Kompetenze vum Gemengepersonal Hand an Hand mat de Kompetenze vun de gewielte Politiker goen. Sou ass d’FGFC fir en Aarbechtsëmfeld, baséierend op dem gudde Gebrauch vun de Reegele vun der Kommunikatioun souwéi dem géigesäitege Respekt. Déi eenzeg visionär Orientéierung wier en Teamwork am Gemengesecteur: « All zesummen houfreg dem Bierger dee beschte Service ze bidden ».

Déi meescht Gemenge kommen enger mëttelgrousser Entreprise gläich, dat mat änlechen Erausfuerderungen. Hei muss eng Koordinatioun vun de verschiddene kommunale Servicer séchergestallt ginn, dëst mat direkter Interconnectioun mat der gewielter Politik. Aus dëser Logik eraus, ass eng kloer Definitioun vun de « chefs-responsables » vun deene 6 proposéierte Pilieren am gesetzlech virgeschriwwenen Organigramm néideg. D'Zil vun esou enger Organisatioun ass et déi politesch an administrativ Aspekter propper ze trennen.