FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Sécherheet a Gesondheet


 


D‘FGFC fuerdert Sécherheet, Gesondheet, en Equiliber tëscht Beruffs- a Familljeliewen an d‘Wuelbefannen op der Aarbecht. D'Roll vun der FGFC ass et, iwwer méiglech Risiken z'informéieren an ze verhënneren, dass déi kierperlech a mental Gesondheet vu jidderengem Eenzelen zu Schued kënnt.

  • Reform vun der Sécherheet, der Gesondheetspreventioun a vum Wuelbefannen am ëffentleche Secteur
  • Neidefinitioun vun de spezifeschen Attributiounen vun de Sëcherheetsdelegéierten
  • Präventioun / reegelméisseg medezinesch Kontroll (Reform vun der Beruffsmedizin)
  • Reform vun de Kompetenzen an Attributioune vum Service psychosocial vum ëffentlechen Déngscht
  • Prozedure fir deelweis Aarbechtsonfäegkeet / graduell berufflech Reintegratioun (Télétravail an anerer)
  • Droit à la déconnexion am Kader vun der fundamentaler Ännerung vun der Aarbechtswelt – Integratioun an d’Reglement am Kontext Télétravail