FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Kommunikatioun an Digitalisatioun


 


D‘FGFC verdeedegt en effiziente Fonctionnement an eng dynamesch Gestioun vum kommunale Secteur. An dësem Kontext fërdert d'FGFC eng Kommunikatioun, déi méi der Zäit entsprécht an déi op aktuell technologesch Tools axéiert ass. Eng Digitaliséierung, a perfekter Harmonie mam Respekt viru jidderengem senger Privatsphär, ass e Projet deem d‘FGFC vill Energie widmet. Fir en ëffentlechen Déngscht vun haut a muer. 

  • Besser IT-Koordinatioun tëscht de Gemengen (Reform vum S.I.G.I.) 
  • Besser intern Kommunikatioun am Aklang mat de Wäerter vun enger moderner Aarbechtswelt: Chef - Chef / Personal - Personal / Personal - Chef / Personalvertrieder 
  • Besser extern Kommunikatioun: Gemeng – Bierger / Bierger – Gemeng (Berodungskommissiounen) 
  • Vereinfachung vun de kommunale Prozeduren – Integratioun vu Leit, déi net an der digitaler Welt doheem sinn