FGFC_vision_politique

FGFC Vision politique - Ëffentlechen Transport


 

D’FGFC steet fir en effizienten a gutt organiséierten ëffentlechen Transport.

Mir si kloer géint all Privatiséierung, a fuerdere weiderhin, datt déi kommunal Buschaufferen ënnert dem Statut vum Fonctionnaire agestallt musse ginn.

Allgemeng ass den Transport public de Schlëssel fir eis Verkéiersproblematik. Dofir brauche mir gutt forméiert Personal, fir dës wichteg Déngschtleeschtung ze garantéieren.

D’FGFC setzt sech am Kontext vun der ugeduechter Harmoniséierung vun de Catégories de traitement (C an D) fir eng Valorisatioun vum Beruff vum Buschauffer an dem Kontroller an. Desweideren ass d’FGFC fir d’Iwwerschaffe vun de spezifeschen Examensprozedure grad ewéi och fir eng Evaluatioun vun den Tâchë vum Kontroller.