Commission centrale

Gläich e puer Fuederunge vun der FGFC huet den Intérieur Rechnung gedroen


Ënnert der Leedung vun der Inneministesch, koum et rezent innerhalb der Commission Centrale, zur Weiderféierung vum Sozialdialog am Gemengsekteur. Hei stung d'Opwäertung vun de « agents municipaux » a Stage-Reduktiounen am Fokus. Gläich e puer Fuederunge vun der FGFC huet den Intérieur Rechnung gedroen. Mir soen alle Bedeelegte Merci fir dee konstruktiven Dialog.

Rémunératioun vun den « agents municipaux »

Am Kader vun der Kompetenzerweiderung vun den « agents municipaux » gouf dee laang erwarte Projet de Reglement zur Opwertung vun der Carrière vum « agent municipal » presentéiert. Klenge Bémol: Konstruktive Verbesserungsvirschléi, dei och vum SYVICOL ennerstëtzt gi si, wollt den Intérieur partout net Rechnung droen. Hei ass et virun allem dorëms gangen, datt d’Agents municipaux an Zukunft 22 Punkten als Prime d‘astreinte sollte kréien.

Konkret kommen elo mam Akraafttriede vun deem Reglement, dat elo op den Instanzewee geet, folgend Punkten:

  • den « agent municipal » gëtt an d’Catégorie de traitement D1 reklasséiert

dobäi kommen :

  • 12 Punkte Prime d’astreinte
  • 15 Punkte Prime de risque
  • 10 Punkte fir den « agent municipal » matt « police judiciaire » Attributiounen


Diskussioun iwwert d’Primen am Krankheetsfall

Vu SYVICOL Säit koum d’Demande, datt innerhalb vun den legislativen Texter genau soll définiéiert ginn, ob verschidden Agenten hir Primmen, am Fall vun enger Incapabilitéit aus Krankheetsgrënn, weider musse behalen oder net. Et wier bei der Gestioun vum Personal net ëmmer einfach hei eng kohärent Approche ze fannen, dëst fir d’Motivatioun vun de Leit oprecht ze erhalten.

Vertrieder vun der FGFC hu Verständnis gewise fir d’Problematik um Terrain. Hei misst awer genau opgepasst ginn, wat ee mécht. Op ee Kolleeg oder eng Kolleegin krank oder incapable ass, woufir keen eppes kann, definéiert nëmmen en Dokter. Dorauser eng Perte am Verdéngscht ze déclinéieren, wier net akzeptabel, och wann et Leit am Secteur ginn déi giffen iwwerdreiwen.


Komplett Réduction de stage gëtt unerkannt!

Am Kontext vun der aktueller Problematik betreffend d‘Fonctionnaire-Stagiairen, déi eng Réduction de stage accordéiert kritt hunn, mee hir néideg Formatiounen awer net mat Zäite konnten ofschléissen, ass d’Madame Bofferding der Fuerderung vun der FGFC nokomm an huet folgende Léisungsusaz presentéiert:

Vu dass dës KolleegInnen d‘Situatioun net selwer verschëld hunn – dëse Retard ass duerch d’Reforme vun der Formation générale an der Formation spéciale zustan komm –  kréien déi concernéiert Leit eng réckwierkend definitiv Nominatioun op deen Datum op deen d’Réductioun de stage accordéiert ginn ass. Dat heescht hier komplett Réduction de stage gëtt unerkannt.

An Zukunft, wann déi nei Formatiounsmoduler um INAP bis arodéiert sinn, soll et da méiglech sinn, jidder Stagiaire seng Formatioun innerhalb vu séngem éischte Joer Stage zouzesécheren.


Enseignement musical: Admissibilitéits-Examen vun de Proffen aus de Konservatoiren

Hei huet den Intérieur enger laangjäreger Demande aus dem Enseignement musical Rechnung gedroen, andeems d‘Admissibilitéitsexame fir d’Professeren aus de Conservatoiren ugepasst si ginn, fir esou an Zukunft méi spezifesch op déi jeeweileg Haaptfächer kënnen ze recrutéieren.

Weider Themen waren:

Enseignement musical: Revalorisatioun vun de Carrièren vun de Chargés de cours

Bekanntlech ass jo kuerz virun der Summervakanz 2021 en Accord zur Revalorisatioun vun de Carrièren vun de Chargés de cours aus dem Enseignement musical fonnt ginn. Déi entspriechend legislativ Texter kréien awer Retard, bedéngt dass – duerch eng opposition formelle vum Staatsrot –  sämtlech Modalitéiten net iwwer Règlement grand-ducal mee iwwert e Gesetzestext musse gereegelt ginn. Den Intérieur huet hei e Paak Aarbecht viru sech. Als FGFC hu mir zougesot kritt, datt – sollt et net mam Akraafttrieden fir den 1. Januar 2023 ausgoen –  dat Ganzt da réckwierkend op dësen Datum kënnt.


Reforme vum Gemengegesetz

D‘Vertrieder vun der FGFC hu sech bei der Innenministesch informéiert, a wéi wäit knapps ee Joer virun de Legislativwalen, nach mat engem Dépôt vu weideren Ännerungen am Kontext vun enger Refonte vum Gemengegesetz gerechent ka ginn.

D’Ministesch huet e Resumé vum aktuellen Dossier gemeet. Hei goung et dorëms, datt d’Reforme vun der Tutelle an daer leschter Ligne droite ass, déi konkret digital Ëmsetzungen awer nach ëmmer eng Erausfuerung fir hir Servicer duerstellen. Weider Punkte waren de Code de déontologie vun den „élus locaux“, d’Signature électronique an de Congé politique.

Op d‘Fro hinn vun der FGFC wat dann elo matt der Iddi vum „chef d’administration“ geschitt, huet d’Ministesch sech éischter bedeckt gehalen. Aktuell wier si nach am Gaang Consultatiounen ze maachen, hei och spezifesch matt den Direktere vun den technesche Syndikater, wou direkt sollt eppes geschéien. Wann den Intérieur esouwäit wier, giffe mer innerhalb vun enger nächster Sitzung vun der Commission Centrale doriwwer schwätzen.

Souwuel de SYVICOL wéi och d’FGFC hu matt Nodrock der Ministesch un d’Häerz geluecht, datt am Kader vun den Organisatiounsstrukture bei de Gemengen eppes muss geschéien. Dat dierft elo net op éiweg am Tirang leie bleiwen.

D’Ministesch huet geäntwert, si wier sech deem bewosst. De Problem wier allerdings, datt bal keen aus dem Sekteur seet, mat wat fir enge konkreten Ännerunge si dann elo d’accord wieren. De Risque géif tatsächlech bestoen, datt déi vill Aarbecht, déi sech hir Leit am Intérieur gemeet hunn, elo net direkt zum Erfolleg féiert.

Info Dossier "Chef d'administration"
FGFC setzt sech fir e praxisorientéierte kommunale Management an
Neureglung der Kompetenzen der Direktoren industrieller Gemeindesyndikater gefordert