Télétravail

Kaderregelung „Télétravail“ bei de Gemengen


Aktuell ass den Text betreffend den Télétravail beim Staat um Instanzewee. Trotz allem bleift nach villes ze klären, wat verschidde Spezifizitéiten an dësem Kontext betrefft. Hei wier een op Gemengesäit ganz opmierksam, wéi dat Ganzt sech wäert entwéckelen.

Innerhalb vun der Commission Centrale ass festgehale ginn, datt den „Télétravail“ bei de Gemengen a Syndikater keng Assimiliatiounsmatière par Rapport zum Staat ass. Dat heescht, datt Intérieur, SYVICOL a Gewerkschaften autonom sinn, hei zesumme reng Léisungusätz fir de kommunale Sekteur auszeschaffen.

Prinzipiell wor ee sech an der Commission Centrale eens, datt den Télétravail och bei de Gemengen eng Kaderreglementatioun bräicht innerhalb déier d’Gemenge sech da kéinten autonom organiséieren.

Konsens war awer och, datt ebe grad well mer eis an engem Wahljoer befannen, vill absehbar Ännerungen op politescher Säit an d’Haus stinn. Dofir sollt een dëst Joer emol ofwaarden, wéi sech dat Ganzt beim Staat entwéckelt. Sur Vue vun dëser Entwécklung soll da weider nom Hierscht un dësem Dosier geschafft ginn.