enseignement musical

Enseignement musical a keen Enn


Am Dossier Enseignement musical hängt d’Valorisatioun vun der Carrière vun den Chargéeën nach ëmmer am Conseil d’Etat fest.

Als klenge Rappel: Bei dëser Valorisatioun geet et ëm soss näischt, wéi dofir ze suergen, dass all d’Chargéeën am Musiksunterricht endlech no deem Diplom bezuelt ginn, dee fir hir Carrière verlaangt gëtt – eppes wat fir de ganze Rescht vun der Fonction publique schliesslech schon laang gëllt.

Op de Risiko, dass mir eis hei widderhuelen, hei e kuerze Resumé vun dësem Dossier:

Nodeems bei daer geplangter gesamter Reform vum Musiksuntericht de Staatsrot eng Reih formell Oppositioune festgehalen hat, gouf d’Reform vum Musiksunterricht per se vun daer dozougehéierender Valorisatioun vun de Gehälter vun de Musikschargéeë getrennt.

D’Reform vum Enseignement musical ass schlussendlech d’läscht Joer gestëmmt ginn, a bei der Rentrée am September 2022 a Kraaft getrueden. Wat d’Valorisatioun vun der Carrière vun de Chargéeën ugeet, schéngt de Staatsrot sech allerdings iwwerméisseg – fir net ze soen onnéideg – vill Zäit ze loossen.

Lues awer sécher gëtt een an dësem Dossier d’Gefill net lass, wéi wann nach laang net op all Niveau deen néidege politesche Wëlle géif bestoen, fir dës batter néideg Valorisatioun ëmzesetzen, an domat endlech mat enger laangjäreger Diskriminatioun Schluss ze maachen.

D’FGFC fuerdert heimat formell d’Membere vum Staatsrot op, sech endlech dësem Dossier unzehuelen!