Aller au contenu principal Passer au pied de page

ASAM INFO – Februar (2) 2023

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den 8. Mäerz 2023 invitéiere mir um 19:00 Auer Sall zu Biereng - 5, rue Wenzel op eng Informatiounsversammlung zu den Kompetenzerweiderung a maachen den Point, wou déi verschidden Mesuren dru sinn: Reglementer, Service de proximité, Carrière asw. mat uschléissendem Q&A.

Aus organisatoreschen Grënn bieden mir dorëm iech bis den 6. Mäerz per E-mail unzemellen an eventuell schonn bekannten Froen eranzeschécken: asam@fgfc.lu

Dir kennt eis och Froen zoukommen loossen, wann dir net kënnt kommen, de Rapport vun der Versammlung liest dir dann am nächsten ASAM INFO.

------------------------------------

Den 28. Februar ass d’Erhéijung em 5% vun der Valeur op den éischten 100 Punkten, dat sinn 106 € Brutto réckwierkend op den 01.01.2023 bis den 31.12.2023 um ordre du jour vum Staatsrot.

-------------------------------------

Stand haut, hu ronn 120 Agenten um Cours "La recherche et la constatation des infractions et les dispositions pénales y afférentes" deelgeholl.

Mir hu Kontakt mam Tribunal d’Arrondissement opgeholl, fir iwwert den Oflaf vun der Vereedegung ze schwätzen, dëst fir déi Agenten, déi d’Konditiounen erfëllen.

-------------------------------------

D’Aschreiwung fir d’Self-defense Formatioun ass lancéiert: https://fonction-publique.public.lu/fr/formation-developpement/catalogue-formations/secteur-communal/08formspecif/080-agentmun/co_08-010-3-011.html

 

Bleift gesond an passt gutt op Iech an Äer Léifsten op.

FGFC-ASAM